Wat kann den Eenzele géint Liichtverschmotzung ënnerhuelen?

© Pol Bourkel
Dobausse gëtt et elo méi fréi däischter an d'Luuchte bleiwe méi laang un. Doduerch kënnt et ëmmer méi zu Liichtverschmotzung.
Den Naturpark Our engagéiert sech staark dofir, d'Problematik vun der Liichtverschmotzung an de Grëff ze kréien. Dëst schued nämlech net just der Déieren- a Planzewelt, mä och dem Mënsch. Méiglech Auswierkunge vu Liichtverschmotzung sinn ënnert anerem Schlofstéierungen, Problemer mat den Aen, Depressiounen a souguer Diabetis a Kriibs.
Fir dës gesondheetlech Problemer aktiv ze bekämpfen an och fir déi natierlech Däischtert vum Himmel an der Nuecht ze verbesseren, hu 7 europäesch Partnerlänner - Holland, Ungarn, Spuenien, Dänemark, Slowenien, Italien a Lëtzebuerg - den interregionale Projet "NIGHT LIGHT" gestart.
Den Naturpark Our am Éislek gouf vum Ministère fir Energie a Landesplanung ënnerstëtzt, fir wierksam Strategië géint Liichtverschmotzung ze entwéckelen, an huet e regionale Berodungsbüro fir Beliichtung gegrënnt.
Eenzel Persoune kënne vill dozou bäidroen, manner Liicht ze verschmotzen. Leit, déi e Gaart hunn, solle sech d'Fro stellen, ob et derwäert ass, hire ganzen Terrain ze beliichten. D'Luuchte solle vun uewen erof op de Buedem schéngen a se sollen e waarmt, gielt Liicht hunn. Dëst ass net nëmme besser fir eis Gesondheet, ma och fir déi vun Insekten a Villercher. D'Insekte gi vun deene Luuchte manner ugezunn an d'Villercher gi bei hirem Fluch wärend der Nuecht manner gestéiert.
Beweegungsmelderen hëllefen zum Beispill, kënschtlecht Liicht anzegrenzen. Virun allem och bei der Chrëschtdagsbeliichtung.
Hei fannt Dir eng praktesch Checklëscht vum Naturpark Our, fir Äert Haus an Äre Gaart op Liichtverschmotzung ze testen.