Invité vun der Redaktioun (10. Mäerz) - Dr. Paul HédoMat 14 Joer am Erwuessene-Prisong: "Do ass eppes schif gelaf"

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war déi mental Gesondheet vun de Jonken Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Dr. Paul Hédo
En Dënschdeg de Moie war déi mental Gesondheet vun de Jonken Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Wann e Meedche vu 14 Joer am Erwuessene-Prisong lant, dann ass egal wéi eppes schif gelaf. Do hu Mesure vum Jugendschutz net gegraff, sot den Dr. Paul Hédo en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, iwwert de rezente Fall vun enger Messerattack vun engem 14 Joer ale Meedchen um Lampertsbierg. De President vun der SLPPP, der Associatioun vun Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg, kéint net soen, ob d’Gewaltbereetschaft bei Jonke generell an d’Luucht gaangen ass. Dëst wier e graven Eenzelfall.

Ëmmer méi psychesch Leide bei Jonken

Ganz allgemeng géing een awer feststellen, dass psychesch Leiden, psychesch Problemer an psychesch Stéierunge bei Jonke massiv an d’Luucht ginn. An dass een do bei der Versuergung ëmmer hannendrun géing lafen. Bei der SLPPP géing een och constatéieren, dass et bei Kanner däitlech méi Entwécklungsstéierunge gëtt an och méi “oppositionellt Verhalen” zum Beispill an der Schoul oder bei den Elteren. Bei Jugendleche wieren et éischter méi Fäll vun Angscht, Depressioun an och vill selbstdestruktiv Verhalen an Iessstéierungen. De gréisste Problem wier awer, dass een ëmmer nees géing un d’Limitte vum Versuergungssystem stoussen.

“Frustréierend”, dass näischt ëmgesat gëtt

D’Associatioun vun Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeute fuerdert schonn zanter laangem, dass déi ambulant, pluridisziplinär Versuergung uechtert d’Land misst verbessert ginn. Dat wiere keng nei Fuerderungen an et wier relativ frustréierend, dass een all dat schonn an engem Audit vun 2010 gesot hätt. Et wier elo eng Kannerdagesklinik zu Wolz opgaangen, dat wier gutt. Mä et wier ee wäit fort vun enger flächendeckender Versuergung. Och am stationäre Beräich vun der Kanner-, Jugend- an der Erwuessenerpsychiatrie, wier nach vill ze maachen. Och an de Spideeler géing et un Unité de crise feelen. Dat alles stéing och am Regierungsprogramm, mee et wier nach net vill implementéiert ginn.

Natierlech géing et e Manktem u Fachpersonal ginn, mä “de Manktem un Fachpersonal ass net responsabel fir dat wat d’Regierung oder soss Leit, déi responsabel sinn, net implementéieren”, sou den Dr. Hédo. Et géing virop un politeschem Wëlle feelen, fir Saachen ëmzesetzen. Donieft wier et esou, dass déi lénks Hand net wéisst, wat déi rieds grad mécht. Scho bal zwee Joer laang ass et hier, dass d’SLPPP bei der Gesondheetsministesch Martine Deprez war, fir iwwer hir Doleancen a Fuerderungen ze schwätzen. Op en neie Rendez-vous géing een zanterhier nach ëmmer waarden.

An d’Psychiatrie gehéieren Leit, déi krank sinn, net gewalttäteg

De Psychiater Paul Hédo kritiséiert och ganz allgemeng d’Associatioun tëscht Gewalt a Psychiatrie. Well et géingen och Leit mat gewalttätege Verhale ginn, déi guer net an d’Psychiatrie gehéieren. Leit, déi psychesch Problemer hunn, wieren dacks selwer Affer vu Gewalt, wéi déi dass se selwer Gewalt ausüben. D’SLPPP constatéiert och, dass d’Police ëmmer méi Leit an d’Urgence bréngt, déi Menacen oder Mord-Dreeunge gemaach hunn, fir dass si eng psychesch Evaluatioun oder Ënnerbréngung kréien. Mä et wier un der Police oder un der Justiz, sech ëm déi ze këmmeren. Bei Mannerjärege wier et méi nuancéiert. Wann e Meedche vun 14 Joer eng aner Persoun mam Messer attackéiert, da wiere sécher psychologesch Problemer do a Saachen, déi an der Entwécklung schif gelaf sinn. Mä dat géing net heeschen, dass d’Meedche primär misst bei e Psychiater oder Jugendpsychiater. Et wier och eng Fro vun Jugendschutz, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Paul Hédo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO