"IE University" zu MadridD'Lëtzebuerger Studente krute Besuch vun der groussherzoglecher Koppel

Lynn Cruchten
Bis haut hu gutt 200 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit d'Universitéit fir Etuden an de Beräicher Ekonomie, Finanzen a Business zu Madrid mat Succès ofgeschloss.
D’Lëtzebuerger Studente kréie Besuch vun der groussherzoglecher Koppel.

Héije Besuch gouf et e Freideg, de 6.Mäerz um Campus vun der “IE University” zu Madrid. De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie waren zesumme mat enger Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzdelegatioun an den zoustännege Ministeren op Besuch an der spuenescher Haaptstad. Mat um Programm stoung eben och en Austausch mat Lëtzebuerger Student(in)nenvun der genannter Business-Universitéit. Méi wéi 10.000 Leit aus 160 verschiddene Länner studéieren op där Uni. 90 Prozent vun de Student(in)ne kommen aus dem Ausland, vereenzelter och aus dem Grand-Duché.

Fir d’Rentrée am September zejoert hate sech 21 Lëtzebuerger nei op der Uni an der spuenescher Haaptstad ageschriwwen. Bis haut hu gutt 200 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit mat Succès ofgeschloss. Zum Beispill an de Beräicher Droit, Business, Finanzen, Ekonomie oder Politikwëssenschaften. Ressorten fir déi zu Lëtzebuerg ënner anerem d’Ministeren Delles a Roth zoustänneg sinn. Si hu sech leschte Freideg zu Madrid de Froe vun de Student(in)ne ronderëm Aarbecht an aktuell Erausfuerderunge gestallt.

Déi puer Lëtzebuerger Studenten, deenen RTL begéint ass, hunn nämlech net ausgeschloss, spéider am Grand-Duché wëllen ze schaffen. Manner wéinst dem Wieder natierlech, mee éischter aus Opportunitéitsgrënn um Aarbechtsmaart, a well et e Land wier mat gudde Sozialleeschtungen a wou ee sech sécher géif spieren. Eng Sécherheet, déi grad an dësen onstabille geopoliteschen Zäiten eng Roll spillt. Dat huet och de Grand-Duc zu Madrid ënnerstrach a virum jonke Public d’Wichtegkeet vun der Europäescher Unioun ervirgehuewen:

“Är Ziler, är Kreativitéit an ären ausgepräägte Sënn fir Gerechtegkeet si wesentlech fir den europäesche Projet an enger Welt, déi séier dréint, um Liewen ze halen. Interesse verännere sech mat Mäert, Walen a Krisen. Wäerter dogéint ginn eis e gemeinsame Kompass an eng gemeinsam Visioun.”

Europa wier am Ëmbroch, sot de Grand-Duc Guillaume. An déi Decisiounen, déi haut getraff géifen, hätten en Impakt drop, wéi eng Unioun mer der nächster Generatioun géifen hannerloossen.

Back to Top
CIM LOGO