
D’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin huet der LSAP-Deputéiert Liz Braz op eng parlamentaresch Fro geäntwert, an dës Zuele confirméiert. Ma d’Äntwert wërft weider Froen op.
Als éischt mol déi, wat mat “Transaktiounen” iwwerhaapt gemengt ass. Op Englesch géif een vun “Non-disclosure agreements” schwätzen, sougenannten NDAs. En Accord, fir ze evitéieren, datt een op d’Geriicht geet. D’Liz Braz seet:
“Fir eis ass dat natierlech eng Zort Schweigegeld. Virun allem an deem heite Kontext, wou et entretemps schonn eng Rei geriichtlech Affäre gi sinn, war et eis och net bewosst, dass et esou eng grouss Unzuel un Transaktioune soll gi sinn.” D’Deputéiert war doun iwwerrascht. “Et weist awer ganz kloer, dass et sech hei net méi um Eenzelfäll handelt, mee dass mer vill méi vun engem System schwätzen, dee geduecht war, fir ze evitéieren, dass nach méi Leit sollen op d’Geriicht goen.”
Ma wann ee Schweigegeld seet, kascht dat och eppes. Ronn eng Millioun Euro huet d’Uni ausginn fir Affekoten- a Geriichtskäschten, mee eben och fir Entschiedegungen. D’Liz Braz huet nei Froen un d’Ministerin geschéckt, fir d’Ventilatioun ze kréien: “Wéi vill ass un déi eenzel Transaktiounen ausbezuelt ginn, fir dass een déi Leit roueg stellt.”
Si wëll awer och wëssen, firwat et iwwerhaapt zu deenen Transaktiounen komm ass. Si huet, wéi aner Deputéiert vun der Héichschoulkommissioun, déi lescht Méint a Woche Mataarbechter vun der Uni gesinn.
“Do kritt ee mat, dass notamment Harcèlement, also Mobbing e grousse Virworf ass, deen der Uni ëmmer erëm gemaach gëtt. Et wär hei interessant ze wëssen, ob den Ursprong all Kéiers beim Employé oder beim Employeur géif leien.”
Ma da stellt sech och d’Fro, ob et dono disziplinaresch Konsequenzë fir den Harceleur gouf, respektiv ob et eng Konzentratioun op verschiddene Plaze gëtt:
“Wa sech erausstellt, dass et sech net ëm Eenzelfäll handelt, dass dat dote systeemesch ass an engem Departement, dann erwaarde mir och vun der Uni, dass direkt duerchgegraff gëtt.”
Ma schonn eleng wéinst der Unzuel fir d’ganz Uni kéint een, hirer Meenung no, anescht wéi de Recteur, net vu frustréierten Eenzelfäll schwätzen, déi onzefridde wieren.