De Präis Oppenheimer geet dëst Joer un de Wëlzer Lycée fir hir Projeten ëm den Zweete Weltkrich.

D'Communautéit aus dem Lycée du Nord engagéiert sech schonn zanter ville Jore fir d'Erënnerung un den 2. Weltkrich an d'Verbriechen un de Judden oprecht z'erhalen. Déi verschiddenst Projete gi vun de Proffen organiséiert, fir de Schüler e liewege Cours ze bidden, wou et net just drëms geet, d'Geschicht auswenneg ze léieren.

De "Schumann's Eck" ass en Documentaire realiséiert vun Uni-Studenten ënnert der Leedung vum Denis Scuto an Zesummenaarbecht mam MNHM (Benoît Niederkorn) an dem Frank Rockenbrod. Dësen "Interaktive Webdocumentaire" ass de Schüler vum Wëlzer Lycée an engem Workshop, am Januar, am Kader vun der Table ronde "Blumme, Kränz a Gerben 2.0 – Wou bleift d’Erënnerungsaarbecht" virgestallt ginn.

De Lycée du Nord bedeelegt sech och um Projet Interreg "Land of Memory". D’Iddie vun de Schüler sinn an en neie "sentier mémoriel" um Schumann's Eck mat agefloss. Am Kader vum Projet LOM sinn de Schüler verschidden Aktivitéiten zu Wolz, um Schumann's Eck an an den Dierfer ronderëm ugebuede ginn. Am Dezember an am Januar goufen ënnerschiddlech Ausstellunge gewisen: eng dovunner "Neue Wege der Gendenk- und Erinnerungsarbeit" huet dës Schüleraarbechte presentéiert.

Et weist, dass sech déi Jonk aus dem Lycée du Nord vill Gedanken iwwer Krich an, duerch eng Rei aner Projeten, iwwert d'Verbriechen un der jüddescher Communautéit gemaach hunn.

Fir all d'Ustrengungen, déi vill pedagogesch Projeten, déi an der Schoul an och ausserhalb realiséiert goufen, hunn d'Schüler an d'Schülerinnen aus dem Wëlzer Lycée de Präis René Oppenheimer iwwerreecht kritt. Eng Unerkennung fir eng ganz Schoulcommunautéit. E laangjäregt Engagement fir d'Memoire mécht sech esou bezuelt.

Eng kollektiv Memoire entsteet nëmmen duerch Engagement an duerch perséinlech Erfarungen. Sou ginn zum Beispill reegelméisseg Reesen an Konzentratiounslager organiséiert.

De René Oppenheimer, 1930 gebuer, gouf 1943 vun de Nazien deportéiert a koum 1944 am Konzentratiounslager zu Auschwitz ëm d'Liewen. Fir him ze gedenken huet säi Papp 1991 d'Fondatioun René Oppenheimer gegrënnt an zanterhier gi Projeten, déi sech géint all Form vun Intoleranz asetzen, mat dësem Präis ausgezeechent, deen op 2.500 Euro dotéiert ass.