
Dat well den Appel à projets, duerch deen d’Projete selektionéiert goufen, annuléiert gouf. Dat huet d’Uni an enger Mail un d’Participantë vun deem Appel à projets matgedeelt.
An der Mail vun der Vize-Rectrice fir Fuerschung, Simone Niclou, an dem Chef vum IAS, Claus Vögele, heescht et: “In light of continued media coverage and scrutiny towards the University of Luxembourg, including the selection process for IAS Audacity projects, it has become necessary to cancel the 2025 Audacity call. As a result, the awarded projects will not proceed.”
RTL hat Mëtt Februar driwwer geschriwwen, datt d’Fuerscherin Emma Schymanski Audacity-Sue krut. Si war selwer Member am Selektiounsjury, dem Conseil scientifique vum IAS. An där Funktioun huet si RTL-Informatiounen no zwar hiren eegene Projet bei der Virstellung net selwer bewäert, mee awer un der Bewäertung an um Klassement vu Projeten deelgeholl, déi mat hirem ëm d’Fuerschungsgelder konkurréiert hunn. De Statute vum IAS no hätt si och net méi dierfe Member am deem Jury sinn. Nodeems si ursprénglech keng Froe wollt beäntweren, huet d’Uni dëst vehement, mee ouni Argumenter ofgestridden. Si hat dobäi och aus engem Code de Conduite zitéiert, deen net méi en vigueur ass.
Trotzdeem widderhuelen d’Simone Niclou an de Claus Vögele am hirem Mail, datt sech un d’Reegele gehale gi wär: “We would like to confirm that throughout the selection process, the IAS has consistently and strictly adhered to the selection rules as defined in its statutes. Nevertheless, the IAS and the Vice-Rectorate for research consider this step necessary to protect the University and the future of the IAS programme in light of continued criticism.”
RTL huet bei de Verantwortlechen nogefrot, op wéi enger Basis se den Appel à projets annuléiert hunn, wa sech bei der Attributioun vun de Sue strikt un d’Regele gehale gouf. D’Uni léisst déi Fro onbeäntwert. Mee seet, et wéilt een d’Reputatioun vun deenen Akademiker schützen, déi kontinuéierlecher Kritik ausgesat gewiescht wieren.
Dëst Joer soll en neien Appel à projets gemaach ginn, heescht et weider am Schreiwes un d’Participanten. D’Projete sollen da vun engem neie Conseil scientifique analyséiert ginn, deen aus zéng externe Membere besteet, déi also net bei der Uni schaffen.
Liest dozou och: