Ëm d’Lëtzebuerger Pionéierin Marie-Paule Molitor-Peffer goung et en Dënschdeg de Moien mat eiser Invitée vun der Redaktioun. Déi fräischaffend Historikerin a Fuerscherin Anne Schaaf hält e Mëttwoch den Owend eng Konferenz* iwwer d’Gynekologin am Lëtzebuerger City Museum, am Kader vun der Ausstellung iwwer d’Menstruatioun. “Wann een et elo op gutt Lëtzebuergesch seet, d’Madamm huet an der Zäit de Bak net gehalen”, si hätt Tabue gebrach a mat hirer Opklärungssendung hei op RTL Radio Lëtzebuerg d’Leit iwwer d’Sexualitéit an allen hire Varianten opgekläert.
“Si huet gesot, mir musse Leit Informatioune ginn, mir solle Leit net fir domm verkafen a mir musse Leit u sech zu hirer Mündegkeet erzéien oder se dobäi ënnerstëtzen”.
Opklärung op RTL Radio Lëtzebuerg an den 1980er Joren
D’Opklärungssendunge vun der Marie-Paule Molitor Peffer, déi deemools fir de Planning Familial geschafft huet, sinn iwwer 5 bis 6 Joer gelaf. Et konnt ee Bréiwer eraschécke mat Froen oder souguer uruffen a seng Themen a Froen do an d’Ronn werfen. Dass et iwwerhaapt méiglech war dës Sendung ze maachen, huet mat engem Gesetz vun 1978 ze dinn, erkläert d’Anne Schaaf. Do goung et ëm Schwangerschaft an d’Fro, wéi een Avortement an ongewollt Schwangerschafte kéint verhënneren. Dofir gouf decidéiert, d’Leit opzeklären, obwuel den Opklärungsbegrëff deemools nach net benotzt gouf. Am Gesetz ass rieds vun “Information sexuelle”, déi vun do u verflichtend an de Schoule gouf.
Tabue briechen: Sexualitéit am Alter, mat Behënnerung an LGBT
D’Gynekologin huet Normen a Fro gestallt. Et soll een de Leit net verbidden sech selwer kennenzeléieren, Sexualitéit wier vun der Gebuert un do an hätt just ënnerschiddlech Ausprägungen an ënnerschiddlech Entwécklungen. Et dierft een net vergiessen, dass Leit am Alter och eng Sexualitéit hunn, “déi ass vläicht net wéi d’Sexualitéit vun engem 15-Järegen, mee si huet eng Daseinsberechtegung a mir musse kucke wéi mer mat enger Menopause ëmginn a sou weider.”
Si huet sech och dofir agesat, dass Mënsche mat enger Behënnerung hir Sexualitéit sollen dierfen ausliewen an och dass homosexuell Mënschen Deel vun eiser Gesellschaft sinn an net däerfe jugéiert ginn. “An dat war fir déi Zäit immens, immens progressiv.”
De Vokabulär ass wichteg
D’Marie-Paule Molitor-Peffer huet ëmmer nees iwwer Vokabulär geschwat, erkläert d’Historikerin. “Si huet gesot hei, mir mussen op Lëtzebuergesch iwwerleeë wéi mer Saachen ausdrécken, well mir wëssen alleguer, et gëtt immens vill Terminologie fir d’Genitalien, déi super negativ konnotéiert sinn. A si huet ëmmer erëm gesot, de Kierper ass e Konschtwierk, dat si flott Plazen, profitéiert vun deene Plazen.” Et soll een nieft de biologesch korrekten Termen och Kosenimm benotzen. Genitalie wieren näischt Knaschteges. Si war donieft och eng grouss Verfechterin vun der Masturbatioun.
Sträit mat der Action familiale et populaire
Natierlech hat d’Marie-Paule Molitor-Peffer net just Supporter, mee si hätt deelweis Mordmenacë per Telefon krut. Si hätt awer trotzdeem de Mond net gehalen. Ugangs wier d’Sendung op RTL och vum Planning familial zesummen mat der Action familiale et populaire organiséiert ginn. Mee dat wier “fuerchtbare Sträit ginn”, deelweis och a Sendungen. Béid Träger hätte ganz aner Usiichte gehat an dat hätt zu richtegem Sträit gefouert. An d’Gynekologin hätt an dem Kontext och ëmmer nees betount, datt de Katholizismus vill Schued géing uriichten.
Deemools wier vill Politik a Meenung zesummekomm. De Katholizismus wier ganz staark gewiescht, virun allem zu Lëtzebuerg an 1974 hätt et eréischt déi éischt Regierung ouni CSV ginn, zanter dem Zweete Weltkrich. An an der Marie-Paule Molitor Peffer wier alles zesummegefloss. “Si huet sech immens informéiert a si huet d’Sexualitéit eeben och net als eppes gesinn, wat een nëmmen am Bioscours traitéiert.”
Wéi hätt si op d’Diskussioun ronderëm gender-neutral Toilette reagéiert?
Wier d’Gynekologin haut bei der Diskussioun iwwer gender-neutral Toiletten derbäi gewiescht, hätt si warscheinlech d’Hänn iwwert dem Kapp zesummegeschloen, mee si hätt bestëmmt och “mat immens gudden Argumenter, warscheinlech verschidde vun de Politiker zimmlech zesummegeschass” spekuléiert d’Historikerin. Mee virop hätt si déi Leit mat agebonnen, ëm déi et geet: “sou vill Erwuessener streiden iwwert déi Saachen a se schwätzen net mat deene Betraffenen. An dat war hier ëmmer wichteg. Komm mer froen déi Kanner, déi net binär sinn, ob si déi Toilette brauchen, firwat se déi brauchen.”
D’Konferenz* e Mëttwoch den Owend wier leider schonn ausverkaaft, mee d’Historikerin steet zur Verfügung fir weider Konferenzen z’organiséieren.
Hei kënnt der een Extrait lauschteren aus enger Sendung aus dem Januar 1980.
*
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.