Wat méiglech weider Corona-Restriktiounen ugeet, huet de Premier um Pressebriefung nom Regierungsrot e Freideg de Mëtteg nach eng Kéier widderholl, dass ee sech dës ganz Woch wëll ginn, fir d'Situatioun z'evaluéieren.
E Freideg goufe 519 Neiinfektioune registréiert, bei ronn 11.800 Tester. Dat ass eng liicht Baisse. 41 Covid-Patiente leien op der Intensivstatioun.
An de Spideeler géif et aktuell wuel zu Deprogrammatioune kommen, ma dat géif net fir néideg oder dréngend Interventioune gëllen.
Um Briefing nom Regierungsrot sot de Premier Xavier Bettel, datt een d'Zil, fir ënner 500 Neiinfektioune pro Dag ze kommen, trotzdeem wuel net erreeche wäert.
Dee Moment missten dann eng Rei Secteuren, dorënner och dee vum Horesca, hir Dieren erëm komplett zoumaachen."Et ass net dem Restaurateur an dem Cafetier seng Schold. Wann ech mat mengem Mann oder mat menger Famill iesse ginn, mat deenen ech zesummeliewen, ass den Echange jo schonn do, well ech mat deene Leit liewen. Mä automatesch, wann ech mat anere Leit a just zu 4 iesse ginn, dann hunn ech awer ëmmer nach 3 Leit, wann ech positiv sinn, déi ech kann ustiechen. A mëttes hunn ech der 3 ugestach an owes hunn ech der 3 ugestach, dann hunn ech duerno de selwechten Dag 6 Leit ugestach. An dat ass eben de Problem, deen een huet, mat deenen Interaktiounen, wou ee weess, dass een net 2 Meter Distanz kann halen an och keng Mask unhuet. An dowéinst, wa mir 3 Wochen déi Restriktioune musse ginn a verschidde Secteure mussen zoumaachen, wou mer wëssen, dass d'Propagatioun vill méi probabel ass, wéi op deenen anere Plazen, wou een eng Distanz huet, wou een eng Mask unhuet, dann ass dat, fir dass mir duerno awer och méi séier erëm Fräiheet kënnen erëmfannen."
E Méindeg wäert een der Chamber proposéieren, den ausgeschaffte Covid-Text ze stëmmen. Entspriechend Hëllefe fir betraffe Secteure ginn ausgeschafft. Fir Horesca-Betriber oder fir de Beräich Evenementiel solle pro Salarié 500 Euro Hëllef ausbezuelt ginn. Viséiert sinn hei Mataarbechter, déi tëschent dem onqualifizéierten an dem qualifizéierte Mindestloun leien.
"Op dës Manéier schafe mir am Fong en zousätzlechen Outil, fir den Emploi ze stäerken an de Betriber och d'Méiglechkeet ze ginn, hir Leit an dëse schwéieren Zäiten och kënnen ze halen. Et dierf net sinn, dass de Corollaire duerno wier, dass de Chômage och nach géif an d'Luucht goen."De Mindestloun an de Revis ginn op den éischte Januar ëm 2,8% an d'Luucht. Dat fir d'Kafkraaft vun de Leit ze erhalen a grad déi, déi et aktuell am schwéiersten hätten, z'ënnerstëtzen. D'Allocation de vie chère gëtt d'nächst Joer ëm 10% eropgesat. Och d'Mutualitéit soll méi Moyene kréien.
Um Sommet vum EU-Conseil en Donneschdeg wier et dann an der Haaptsaach iwwert déi koordinéiert Unerkennung an Zouloossung vu Corona-Schnelltester an Impfunge gaangen. Dobäi huet de Premier op en Neits ënnerstrach, wéi wichteg et wier, an deem Beräich koordinéiert virzegoen. Nëmmen esou kéint garantéiert ginn, dass nëmme sécher Produiten op den europäesche Marché kommen. An dat wier immens wichteg, fir och d'Vertraue vun de Leit ze gewannen, sech och tatsächlech impfen ze loossen.
"Wann elo een Impfunge géif huelen, wou mir net sécher all d'Garantien hunn iwwert d'aspects sanitaires, riskéiere mir, och Problemer ze kréien an d'Credibilitéit vun de Bierger direkt ze verléieren, wa si op eng Kéier en Doute hätte vis-à-vis vun den Impfungen, wann déi och net duerch international Instanzen an europäesch Autoritéite validéiert ginn."
Et hätt een nach emol vu Bréissel confirméiert kritt, datt Mëtt Dezember déi éischt Vaccine kéinte geliwwert ginn. Et kéinten eng 45.000 Dose sinn, woubäi zum Deel méi wéi eng Dosis misst geimpft ginn. Déi éischt Liwwerung kéint deemno fir ronn 23.000 Persounen duergoen. Dat wier awer alles nach net definitiv gewosst. Deemno missten elo Prioritéiten ausgeschafft ginn, wien als éischt geimpft soll ginn.
A Saachen Impfunge sinn et interessant Prezisioune vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert iwwert d'Persounen, déi Prioritéit sollen hunn.
Dat wieren eng 17.000 Leit an de Gesondheetsberuffer, 90.000 Persounen, déi méi wéi 65 Joer al sinn, a geschaten 132.000 vulnerabel Residenten.