Mann vun 59 Joer gestuerwenEn Dënschdeg de Moie koum et zu engem déidlechen Accident op der Autobunn A6 Richtung Stad

Andy Brücker
De belschen Automobilist ass op der Héicht vu Stroossen an d'kalifornesch Mauer gerannt.
© CITA

Accident en Dënschdeg de Moie fréi géint 5 Auer op der A6 a Richtung Stad, dat op der Héicht vu Stroossen. En Automobilist ass mat sengem Auto op der lénkser Säit an d'kalifornesch Mauer gerannt. Obwuel d'Rettungsservicer séier op der Plaz waren, ass den 59 Joer ale Chauffer nach op der Plaz gestuerwen. Et handelt sech ëm e belsche Staatsbierger.

D'Autobunn gouf wärend de Rettungs- an Opraumaarbechten op där Héicht komplett fir den Trafic gespaart. Duerch deen Accident koum et deementspriechend an deem Beräich zu gréissere Perturbatiounen am Trafic. Um 6:30 Auer goufe scho 5 Kilometer Stau notéiert, um kuerz no 7 waren et der schonn 9, duerno souguer 11.

Um 8:35 Auer koum Entwarnung, dass d'Autobunn nees komplett fir den Trafic op wier, an de Stau sech lues a lues géif opléisen.

Back to Top
CIM LOGO