
An hirem Requisitoire huet d'Procureure um 4. Prozessdag Prisongsstrofe fir di 4 ugeklote Poliziste gefrot. D'Faite ginn zréck op de Mee 2023.
"Et kéint een d'Geschicht mat engem ganz düstere Feuilleton vergläichen", sot d'Procureure direkt am Ufank vun hirem Requisitoire. Fir den Haaptugekloten huet si 6 Joer Prisong gefrot, ënner anerem wéinst Tortur. Circonstances atténuantes gesäit si keng. Him gëtt reprochéiert, e Mann um Owend vum 20. Mee 2023 an der Siichtzell e puer Mol mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen ze hunn.
De Beamten, deen deen Ament nieft him stoung, soll da 5 Joer an de Prisong. E weidere Beamten, deen am Raum war, soll wéinst Behënnerung vun der Justiz 3 Joer an de Prisong, mat engem Deel dovunner fest. Doriwwer eraus gëtt engem véierte Polizist Fälschung a Behënnerung vun der Justiz reprochéiert, well dësen e jonke Beamten, deen den Haft-Bericht sollt schreiwen, ugewisen hat, falsch Saachen dra festzehalen. Fir hie freet d'Vertriederin vum Parquet 5 Joer Prisong. Och well de Beamte sech drugehalen hätt, nodeems de Bericht zwee mol net vum Korrektiounsbüro ugeholl gi war.
Der Procureure no ass et kloer, dass den Haaptugekloten no enger fréierer Renconter mam Affer eng Rechnung opstoen hat. Wat awer genee bei dëser Renconter virgefall ass, ass net ganz kloer ginn. Rieds geet, dass de Beamte soll vum Mann verbal menacéiert gi sinn. Weider huet d’Procureure d’Etat adjointe och op de Langage verwisen, deen d’Beamte benotzt hunn. Sou goung e Mail mat der Foto vum spéideren Affer un d'"Bridder vun den zolitte Fäischt". An engem Whatsapp-Austausch den Owend vun de Faite goung da rieds vun engem "Fresh start", deen d’Affer scho soll kritt hunn. "Polizei-taktesch Grëffer ginn net an engem Whatsapp-Message als 'Fresh start' bezeechent", huet d'Vertriederin vum Parquet ënnerstrach.
"Wisou geschéien esou Saachen", freet si a beäntwert d’Fro selwer: "Well di Beamten hiert Revéier wëlle verdeedegen". Si géinge mengen, hinne kéint näischt passéieren. Dëst wier och gaangen, wann net dee bäigepraffte Beamten, de jonke Polizist, hinnen e Stréch duerch d'Rechnung gemaach hätt. Dësen hätt et elo schwéier, no der ganzer Affär nees d'Féiss op de Buedem ze kréien. E ganze Koup Leit géingen der Ekipp, also den Ugekloten, de Réck stäipen, a mengen, dës hätten dat Richtegt gemaach, féiert d'Vertriederin vum Parquet weider aus. Doriwwer eraus géing dann och nach behaapt ginn, dass de Parquet keng Rebellioun géing poursuivéieren, wat si awer zréckgewisen huet.
"Poliziste gi bespaut, kréie Morddrohungen an dat Dag fir Dag. Ab engem gewësse Punkt geet et lénks eran a riets eraus, fir dass een dat psychesch aushale kann", huet den Affekot vum Haaptugekloten, den Thierry Hirsch, erkläert. Domat wollt hien duerleeën, wisou kee méi sou genee wousst, wat d'Menace vum spéideren Affer bei enger fréierer Renconter solle gewiescht sinn. Den Affekot fiert weider: "Mir an eise schwaarze Roben heibanne kréien dat net mat." Hien huet a senger Plaidoirie betount, dass säi Mandant d'Affer mam Handballe geschloen hätt, nodeems den alkoholiséierte Mann mam Aarm an der Luucht op en duerkomm wier. Dowéinst wier de Mann widder d’Mauer vun der Zell geknuppt, op d'Sëtzbänk gefall an um Buedem opgeschloen. Iwwert säi Mandant seet hien: "E wousst ganz genee, dass dat dee schlechtst méiglechsten Zäitpunkt ass, fir eng Persoun ze schloen. Hie wousst, dass den Examen Médical imminent war. D'Logik vum Zäitpunkt klappt net am geréngsten".
Wann den Ugeklote méi dacks zougeschloen hätt, sou d’Aschätzung vum Affekot, hätten di zwee aner Beamten hien ënnerbrach. Ee vun dëse Beamten op der Uklobänk wénkt deen Ament Jo mam Kapp. Ausserdeem hätt den Dokter no senger Untersuchung gesot, dass de Mann an Haft kéint. Och no senger Fräiloossung den nächste Moie wier d’Affer net bei en Dokter gaangen, mee an de Bistro an der Stroossbuerger Strooss.
Wärend senger Plaidoirie vun iwwer annerhallwer Stonn, déi och e Mëttwoch nach weider geet, huet de Riichter den Affekot awer direkt e puermol zréckgeholl. "Ech kann Iech net dauernd Saache soe loossen, déi manifestement net richteg sinn”, war just ee vun de Sätz, déi an deem Kontext gefall sinn.