HorescaEt hat een déi lescht Deeg schonn d'Hoffnung opginn

Tim Morizet
Et gi roueg Nuechte ronderëm d'Chrëschtdeeg. Ma nieft der Stuff bleift et och am Restaurant iwwer d'Feierdeeg roueg.
Reaktioun aus dem Horesca-Secteur
Et gi roueg Nuechte ronderëm d'Chrëschtdeeg. Ma nieft der Stuff bleift et och am Restaurant iwwer d'Feierdeeg roueg.

Et wär een net erstaunt iwwert Decisioun, den Horesca-Secteur weider zouzeloossen, esou de François Koepp, Generalsekretär vum Daachverband. D'lescht Woch hätt een d'Chance nach bei 50:50 gesinn. Ma iwwert déi lescht Deeg hätten d'Infektiounszuelen déi Hoffnung geholl.

Reaktioun aus dem Horesca-Secteur/Reportage Tim Morizet

Den Telefon an der Chambre de Commerce géif nonstop schellen. Vill Betriber wiere verzweiwelt. Rechnunge kéinten net méi bezuelt ginn. Déi kéimen deels vum Staat, deels vun de Salairë vum Personal. D'Hëllefe fir d'Salairen hätten iwwerdeems massiv Retard, esou de François Koepp. Et hätt een Angscht, bis Februar mussen ze waarden, fir d'Salairë vum November rembourséiert ze kréien. Ma dee Polster hätte vill Entreprisen net méi.

D'Zuele ginn net erof, nodeems den Horesca zougemaach gouf. Dowéinst bléift Fuerderung vum Verband, de Secteur zu 100% ze entschiedegen.

Déi aktuell Decisiounen a Retarde géifen, ewéi een esou schéi seet, ganz vill Leit am Ree stoe loossen. Esou nach de François Koepp.

Back to Top
CIM LOGO