Op der PompelBensinn, Diesel a Masutt gi méi deier

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdeg un ass et bei quasi all Pëtrolsproduit op der Pompel nees eng Präishausse.
© Vincent Feuray / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP Archiv

De 95er Bensinn gëtt ëm 4,8 Cent méi deier a wäert domat vun Hallefnuecht un 1,846 Euro de Liter kaschten. Beim 98er ass et eng Hausse vu 4,6 Cent op elo 1,934 Euro de Liter. Och de Präis vum Diesel klëmmt op 1,934 Euro pro Liter, wat eng Hausse vun 2,2 Cent ass. A fir de Masutt muss ee vun en Dënschdeg un 2 Cent méi bezuelen, well de Präis vun dësem op 1,382 Euro klëmmt.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO