Centre Hospitalier du NordKeng Operatioune méi zu Wolz, däitlech manner zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Weider heescht et awer vum CHdN, datt een déi wichteg an urgent Operatioune géif duerchféieren. D'Leit sollen awer waarden, bis si kontaktéiert ginn.

Wéinst de ville Covid-Patienten an der ugespaanter Situatioun op der Intensivstatioun musse weider Aktivitéiten am Centre Hospitalier du Nord ofgesot ginn. Den Ament ginn am CHdN 65 Patiente behandelt, dovunner 12 op der Intensivstatioun. Wat d'Personal kierperlech a besonnesch och psychesch un d'Limitte vun der Belaaschtung bréngt, wéi den Directeur médical, den Dokter Paul Wirtgen, am RTL-Interview erkläert.

Am Interessi vun de Patienten an dem Personal gouf dowéinst decidéiert, fir eng Partie vun den net dréngenden Operatiounen zu Ettelbréck bis de 4. Januar ofzesoen. D'Operatiounssäll zu Wolz bleiwe komplett zou. Schonn déi lescht Wochen huet hei nëmmen nach een OP funktionéiert.

Urgencen, Operatiounen, déi aus medezinesch Grënn net verréckelt kënne ginn, an den Traitement vu Kriibspatiente bleiwe weider garantéiert. Konkret bedeit dat, datt Dokteren, déi Urgencen zu Wolz feststellen, déi betraffe Patienten zu Ettelbréck dann operéieren. Mat der Decisioun vun dëser Woch wëll ee garantéieren, datt och an Zukunft genuch Better disponibel bleiwen an d'Personal et weider packt, seet den Dokter Wirtgen.

D'Deprogrammatioune gëlle bis de 4. Januar. Wann ee bis dohinner nees bei 8-10 Patienten op der Reanimatioun wier, da kéint een nees méi maachen. Ob dat esou ass, dat kéint haut awer kee soen.

PDF: Schreiwes vum CHdN

Back to Top
CIM LOGO