
De Premier rifft d'Regierung e Méindeg de Moien fir e Regierungsrot zesummen, fir de Point nach emol iwwert déi aktuell Covid-Situatioun ze maachen an dann déi néideg Decisiounen ze huelen. Dat sot de Xavier Bettel e Samschdeg an der Chamber op eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen hin.
Déi wollt no den Undeitunge vun de Ministere Paulette Lenert, Franz Fayot a Claude Meisch genee wëssen, ob d'Regierung eng Verschäerfung vum Lockdown plangt, obwuel déi aktuell Mesurë réischt en Dënschdeg am Parlament verlängert goufen. Mesuren, déi d'CSV dunn schonn net streng genuch fonnt hätt. En Donneschdeg hat d'Gesondheetsministesch am Kloertext erkläert, e Lockdown géif vun Dag zu Dag méi probabel ginn, ma et wéilt een nach d'Tendenz vun der ganzer Woch ofwaarden. Déi wier jo elo rëm, sou d'Martine Hansen op der Chamberstribün.
De Staatsminister wollt e Samschdeg nach net am Detail op der CSV hir Froen äntweren. D'Analyse vun der Situatioun wier nach net ofgeschloss. Et wier elo net den Zäitpunkt, fir iwwer Eventualitéiten ze kommunizéieren. Dem Staatsminister no, léiche wuel den Ament Hypotheesen um Dësch, eng Rei Pisten iwwert déi diskutéiert gëtt. D'Regierung wëll awer bis e Sonndeg mat d'Zuele kucken, fir en Iwwerbléck iwwert déi ganz Woch ze hunn. E Méindeg ass awer wéi gesot, Regierungsrot.
Eisen Informatiounen no, gouf dës Woch schonn iwwert eng Verlängerung vun der Chrëschtvakanz an eng Fermeture vum Commerce diskutéiert.
De Wirtschaftsminister Franz Fayot hat net méi spéit wéi e Freideg bei eis um Radio gesot, et misst ee keen Hellseher ze sinn, fir ze wësse wat zougemaach géif wa méi streng Restriktioune geholl géife ginn. An zwar déi Plazen, wou ee vill Kontakter hätt. Dat wier nieft der Horesca, de Commerce.
Hei déi komplett parlamentaresch Fro vun der CSV!
Et dierft dann och fréier oder spéider zu weidere Prezisiounen an de Covid-Gesetzer kommen. Aktuell géifen d'Gesetzer nämlech falsch ausgeluecht ginn. Dat sot d'Justizministesch Sam Tanson an eiser Emissioun Background am Gespréich. Zum Beispill wat d'Consommatioun vun Alkohol am ëffentleche Raum ugeet. An de leschten Deeg wären Outdoor-Baren opgaangen, wou d'Leit sech dann dobausse gesinn an zesummen hiren Take-Away-Patt an der frëscher Loft drénken. Dat wier weder de Wonsch vun der Regierung nach vum Legislateur. Dofir géing een un enger Laangzäit-Strategie schaffe präziséiert d'Ministesch. D'Sam Tanson wier dann och Demandeur, dass no der Pandemie e Bilan gezu gëtt.
CSV fordert Klarheit von Regierung über Lockdown
„In den vergangenen Tagen und Stunden haben sich die Äußerungen von Regierungsmitgliedern über eine mögliche Verschärfung der geltenden Covid-Maßnahmen gehäuft. Vor allem was einen möglichen Lockdown angeht. Wir fordern die Regierung auf, mit den Bürgern und auch mit dem Parlament Klartext zu reden“, so die CSV-Fraktionsvorsitzende Martine Hansen am Freitag.
In diesem Sinne stellte die CSV am Freitagnachmittag eine parlamentarische Dringlichkeitsanfrage an Staats- und Premierminister Xavier Bettel. Die Kernfragen dabei lauten: Wie sehen die genauen Kriterien der Regierung aus, anhand derer der angedachte Beschluss eines harten Lockdowns gefasst wird? Mit welchen Maßnahmen haben die Bürger zu rechnen?
„Wir sind der Ansicht, dass sowohl die Menschen als auch das Parlament ein Anrecht auf Klarheit in dieser zentralen Frage haben sollten“, so Martine Hansen abschließend.
(mitgeteilt von der CSV-Fraktion, 18.12.2020)