
No der Chrëschtvakanz bleiwen d'Diere vun de Schoulen an der Woch vum 4. Januar zou, mat betraff och d'parascolaire Strukturen an Aktivitéiten. D'Eltere kënnen deemno nees op de Congé pour raisons familiales zeréckgräifen.
D’Oppositioun huet d’Ännerunge matgestëmmt, mee gläichzäiteg kritiséiert, datt am Summer net vun der relativer Rou profitéiert gouf, fir sech op dës Ausnamesituatioun virzebereeden. De Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch huet e gewësse „Pilotage a vue“ zouginn, mee dat wier dorobber zeréckzeféieren, datt d’Situatioun sech permanent géing änneren.