Serie WGen - Deel 4Déieren erlaabt - Eng nei "Halte de nuit"

Monique Kater
Am 4. a leschten Deel vun eiser Serie iwwer Wunngemeinschaften a Chambres Meublées geet et ëm déi nei "Halte de Nuit" déi um leschte Steiwer wäert opgoen.
© Peter Merten Architecte

Wann een um Internet no "Halte de nuit" vun der Caritas sicht, fält een op e Communiqué vum 10. Oktober 2017... ronn 2.800 Persoune wieren an Nout-Strukturen ënnerbruecht, a Foyeren an an Haiser, déi e betreit Wunnen offréieren, steet do, an et géifen 30.000 Unitéiten feelen.

Dat si wéi gesot Zuele vu virun 3 Joer, déi bis haut wuel kaum erofgaange sinn. Fir en Deel vun de Leit déi op der Strooss liewen, si Strukture wéi de Foyer Ulysse keng Optioun, hir eenzeg Alternativ zu dobausse si meeschtens Nout-Foyeren, an deene si onkomplizéiert e Bett kréien. Am 4. a leschten Deel vun eiser Serie iwwer Wunngemeinschaften a miwweléiert Zëmmeren geet et ëm déi nei Halte de Nuit déi elo Uganks 21 um leschte Steiwer wäert opgoen.

Serie WGen - Deel 4: Déieren erlaabt-Eng nei "Halte de nuit"

Wann een als Journalist fir e Reportage ze preparéieren, wéi mer op gutt Lëtzebuergesch soen "op der Strumm ënnerwee ass", begéint ee reegelméisseg Gesiichter déi ee kennt, well ee se iwwer d’Jore reegelméisseg erëm gesinn huet. Eenzeler awer just op der Strooss, an ni an enger vun de Strukturen. Duer wëlle se entweder net hin, oder se traue sech net, oder d’Foyeren acceptéiere si net – vläicht wéinst psychesche Problemer, aggressivem Verhalen, oder well se an der Koppel, mat engem Déier ënnerwee sinn. Wann een 3 Joer am Ulysse schafft, kennt ee seng Clienten; de Filipe Ribeiro weess wien wouhinner passt.

Filipe Ribeiro: "An engem Halte de nuit mussen d'Leit och keng sozial Rechter hunn, fir do eranzegoen. Fir an den Ulysse, do brauche mer déi. Dat ass e groussen Ënnerscheed. Et ass wierklech en Accès deen esou vereinfacht gëtt wéi méiglech. Dat heescht d'Persoun gëtt gesinn, hu mir eng Plaz fräi, d'Persoun huet néierens wou se kann higoen, da geet se an Halte de nuit. Wa se eben psychesch krank ass, wann se Alkoholskrankheet huet, wann se en Hond huet, wann se soss néierens Ënnerdaach kënnt doduerch."

10 där Better funktionéieren den Ament an der Michel Welter Strooss op der Gare. Nach eng Kéier: dat si Leit, déi quasi um Null-Punkt ukomm sinn, a vun de Streetworker opgefaange ginn. Si hu weder Krankekeess nach soss sozial Rechter. Den "Espoir" op der Gare gëtt elo ersat, duerch de leschte Steiwer. Nieft dem "Ulysse" gëtt et de "Courage" – e Bistro fir genee och déi Leit, déi dann an där neier Nuetswaach kéinte schlofen.

D’Stad Lëtzebuerg an d’halte de nuit um Leschte Steiwer

Back to Top
CIM LOGO