De Verdikt vun den RTL.lu-User am Corona-Joer ass kloer: Honoréiert gëtt d'Personal vum Gesondheet- an dat vum Fleegesecteur!

Een aussergewéinlecht Joer mat engem genee sou aussergewéinleche Resultat:

D'Lieser vun RTL.lu, a fir déi éischte Kéier och vun RTL5Minutes a vun RTL Today hu mat groussem Virsprong fir d'Leit un der "éischter Front" gewielt.

Dat esou gutt an der Kategorie "Lëtzebuergerin vum Joer" wéi beim "Lëtzebuerger vum Joer".

Mir hunn eis also decidéiert, fir 2020 souwuel de Gesondheetssecteur engersäits wéi de Fleegesecteur anerersäits auszezeechnen.

An de leschten Deeg goufen déi alleréischt Persounen aus béide Secteuren geimpft: Si hu mer elo kontaktéiert, fir d'Präisser ze verginn.

Deemno a stellvertriedend fir all déi couragéiert Leit aus dem Gesondheetssecteur hu mir eis Auszeechnung dem Catarina Fernandes an all de Leit aus hirem Service aus dem CHL ginn.

RTL

A symbolesch fir d'Personal aus dem Fleegesecteur hu mir dem Sonja Kohnen an de Leit vun hirem Service aus dem Sanatorium zu Veianen dës Auszeechnung iwwerreecht.

RTL

Bal 3.500 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt an hir Perséinlechkeete vum vergaangene Joer gewielt.

RTL seet hinne Merci am Numm vu sengen User.

Gläichzäiteg soe mir och allen Utilisateure Merci, déi entweder e Kandidat proposéiert hunn an/oder duerno fir deen oder dat Anert ofgestëmmt hunn.

Ze gewanne gouf et een iPhone XS Max Gold an ee Bang +Olufsen-Kopfhörer. Gewonn hunn d'Jacqueline Hogg an d'Carole Muller. 

Lëtzebuerger/in vum Joer 2020 / Reportage Fanny Kinsch

Wien ass an den Top 5 vum Joer 2020?

Top 5 vun den Dammen

1 D'Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur

2 Paulette Lenert

3 Susanna Van Tonder

4 Eva Ferranti

5 Fabienne Dimmer

Top 5 vun den Hären

 
1 D'Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur

2 Jeff an Tom Schockmel

3 Steve Schneider

4 Xavier Bettel

5 Giovanni Patri

Wéi konnt ee matmaachen?

Bal 3.500 Leit hu bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer matgemaach, domat bleift d'Ofstëmmung populär, och wa si net no statistesch-wëssenschaftleche Krittären duerchgefouert gouf an héchstens representativ fir d'Utilisateure vun RTL.lu ass.

Wie krut bis elo den Titel "Lëtzebuergerin" a "Lëtzebuerger vum Joer"?

2019: Jenny Warling (Karate) a Remy Eiffes (Zaldot)
2018:
Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)
2017:
Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016
: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015
: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d'Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)

Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.

Hei geet et bei d'Artikelen aus dem leschten Joerzéngt

RTL NEWS: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger 2019: D'Jenny Warling an de Remy Eiffes goufe vun iech gewielt
https://www.rtl.lu/news/national/a/1449864.html

RTL-News: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2018: Gwen Daufeld a Jeff Herr gewielt an ausgezeechent
https://www.rtl.lu/news/national/a/1285691.html

RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2017: Martine Kohl vun de Street Angels a Polizist André Bichel
/news/national/1112774.html

RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2016: ALS-Patientin Nathalie Scheer a Polizist Marcel Steffen
/news/national//990806.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2015: Polizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn
/news/national//749533.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
/lifestyle/people//595450.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer
/lifestyle/people/498429.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer - Eliane Leger a Romain Hilbes
/news/national/371125.html

RTL-NEWS: Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"
/news/national/177199.html

RTL-NEWS: De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
/news/national/90553.html

RTL-NEWS: RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
/news/national/54111.html

RTL-NEWS: RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008
/news/national/3758.html

- - - - -

Klengen Appell un eis Commentateuren:

Dat Neit Joer ass jo nach ganz frësch, dofir sech net direkt ewell bei der éischter Nouvelle 2021 d'Käpp aschloen, ma w.e.g. mat e bësse Respekt a Sensibilitéit op de Vott reagéieren - och wann ee vläicht aus iergendengem Grond selwer enttäuscht ass ... Natierlech dierf een eppes gutt oder schlecht fannen, ma d'User hu proposéiert an decidéiert, jidderee konnt do matmaachen ... Merci fir Är Kooperatioun an Är Contributioun, datt den Debat friddlech bleift.

An: ALL GUDDES FIR 2021 :-)