"Vum Test- zum Impfweltmeeschter?"Penurie vun Impfdosissen: Wien dierf bestellen?

Pierre Weimerskirch
Eng vun de groussen Hoffnunge fir d’Pandemie op en Enn ze bréngen, sinn d’Impfstoffer. Ma bei enger zentraler Fro gëtt et weider vill Onkloerheeten.
© AFP

Kann eng Persoun, déi geimpft ass, och de Virus net méi iwwerdroen?

Mam Large Scale Testing huet Lëtzebuerg mat déi weltwäit gréissten Testkapazitéit. Déi Struktur, déi do an de leschte Méint opgebaut gouf, kéint relativ séier op dës Fro eng Äntwert ginn.

Santéspersonal kann éischt Indikatioune ginn

Déi Lëtzebuerger Impfstrategie gesäit vir, als éischt d’Santéspersonal ze impfen, dat Personal, dat elo schonn all zwou Wochen an de PCR-Test ageluede gëtt. Géif ee gesinn, datt dës geimpfte Persoune sech manner heefeg ustieche wéi Leit, déi net geimpft wieren, hätt een op dësem Wee eng éischt Indikatioun op eng Impfung och virun Infektioun schützt.

Breet ugeluechten Etüd géif weider Informatioune liwweren

Fir awer konkret op dës Fro Äntwerten ze hunn, misst esou eng Etüd vill méi breet ugeluecht sinn. Et missten also an den nächste Woche vill méi Persoune geimpft ginn. D'Lëtzebuerger Regierung kann den Ament net weider Dosisse bestellen, well ee per Kontrakt un d’Verhandlunge vun der EU-Kommissioun gebonnen ass. Esou ass do ze liesen:

“By signing the present Agreement, the Participating Member States confirm their participation in the procedure and agree not to launch their own procedures for advance purchase of that vaccine with the same manufacturers.”

Et gëtt awer ee Wee, un zousätzlech Dosissen ze kommen. De Premier Xavier Bettel huet dat um Mëttwochmoien och am 100.7-Interview ugedeit, Rechercheinstituter kéinten nämlech zousätzlech Impfdosisse bestellen. Esou wier et Lëtzebuerger Fuerschungsinstitutiounen duerchaus méiglech, Kontakt mat Pharmaentreprisen opzehuelen a Fuerschungsprojeten auszeschaffen.

Wat soe Biontech a Pfizer?

Den Impfstoff vun der däitscher Entreprise Biontech, deen an Zesummenaarbecht mat Pfizer produzéiert gëtt, ass deen éischten Impfstoff, deen um europäesche Marché zougelooss gouf. Op schrëftlech Nofro heescht et vu Biontech, datt een zum aktuellen Ament net kéint op d'Fro äntweren ob et gemeinsam Fuerschungsprojete mat Lëtzebuerg gëtt. An engem Email schreift de Pharmakonzern Pfizer:

“We agree it is very important to understand potential protection from asymptomatic infection, and we hope to have more perspective on this as we continue to follow-up our participants from the Phase 3 trial, and we will also gather information from vaccine post-authorization use.“

Et ass deemno den Ament net ausgeschloss, datt Lëtzebuerg, wéi och aner europäesch Länner op dësem Wee un zousätzlech Impfdosisse komme kéinten.

Op Nofro heescht et vum Ulf Nehrbass, CEO vum Luxembourg Institute of Health, datt et fir den LIH an d'Uni Lëtzebuerg eng wesentlech Fro ass, erauszefannen, ob Impfunge virun enger Infektioun schützen. Diskussiounen zu dëser Thematik géife lafen.

Back to Top
CIM LOGO