Futtball-Championnat: BGL LigueDéifferdeng léisst Punkte leien, Biissen a Munneref zéie laanscht Diddeleng

Jeff Birsens
D'Saison an der BGL Ligue geet ëmmer méi Richtung Enn. Dräi Spilldeeg viru Schluss konnte Biissen a Munneref de Réckstand op de Leader Déifferdeng op dräi Punkte reduzéieren, wärend den F91 Diddeleng vun der 2. op déi 4. Plaz erofgerutscht ass.
© Christophe Mersch

E Sonndeg de Mëtteg ass an der BGL Ligue de komplette 27. Spilldag gespillt ginn.

Dobäi huet den Tabelleleader Déifferdeng mat engem 0:0-Remis géint Stroossen Punkte leie gelooss. No animéierte 45 Minutten, an deenen d'Lokalekipp zu Uewerkuer liicht besser war, war et ouni Goler an d'Paus gaangen. Och no der Paus war den Drock éischter vun den Déifferdenger komm, ma Stroossen stoung hanne kompakt an huet net vill zougelooss. Um Enn sollt et bei engem Match ouni Goler bleiwen.

Eng Muechtdemonstratioun gouf et dobäi vum FC Atert Biissen, dee mat engem 5:0 auswäerts beim Racing neien Tabellenzweeten ass a gläichzäiteg de Réckstand op den Tabelleleader Déifferdeng op dräi Punkte verkierzt huet. Vun Ufank u war et eng immens eesäiteg Ugeleeënheet am Stade Achille Hammarel, wou et no dräi Goler bannent gutt véier Minutte schonn no 22 Minutten 3:0 fir d'Gäscht stoung. Mat der komfortabeler Féierung am Réck huet Biissen Vitess erausgeholl an de Match kontrolléiert. No enger weiderer dominanter zweeter Hallschent waren déi dräi Punkten um Enn net méi ze huelen.

Fir den F91 Diddeleng gouf et da virun den eegene Spectateure géint Rouspert eng 1:2-Defaite, wouduerch nieft Biissen och d'US Munneref mat enger 1:0-Victoire géint Hesper an der Tabell laanschtzéie konnt an elo neien Drëtten ass.

An deene weidere Partië vum Mëtteg huet Hueschtert mat 4:2 géint Mamer gewonnen, Kanech huet sech mat 1:0 géint Nidderkuer duerchgesat, Käerjeng mat 3:0 zu Rodange an d'Jeunesse a Péiteng hu sech mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt. D'Union Titus-Péiteng bleift domat also weider Tabelleschlussliicht, kann de Réckstand op Mamer a Rodange awer op d'mannst op elo just nach zwee Punkte verkierzen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO