BeggenBauen nieft der CASA-Deponie: Chantier suergt fir vill Diskussiounen

RTL Lëtzebuerg
E Chantier op der Beggener Strooss zu Dummeldeng suergt den Ament fir Diskussioun, dat wéinst senger Lag.
Bauen nieft der CASA-Deponie
En Chantier op der Beggener Strooss zu Dummeldeng suergt den Ament fir Diskussioun, dat wéinst senger Lag.

De Projet soll nämlech direkt nieft der Deponie vun der fréierer CASA realiséiert ginn. Déi Stater Lénk stelle sech elo d’Fro, ob net och déi ugrenzend Terrainen duerch Dechargë kontaminéiert goufen.

Op der Beggener Strooss vis-à-vis vun der Dummeldenger Schmelz ass déi fréier Deponie vun Continental Alloys, besser bekannt als CASA. Den Hiwwel ass och haut nach mat Schwéiermetaller belaascht, seet de Stater Gemengerot Guy Foetz.

Nieft dësem Site stounge bis viru kuerzem 2 Haiser, déi goufen ofgerappt, fir engem Appartementshaus Plaz ze maachen. Datt elo direkt nieft der Deponie eng Residenz mat 18 Wunnenge gebaut gëtt, mécht deene Lénken Suergen. Déi Haiser, déi fréier do stoungen, hätte just e Keller gehat. Fir d’Residenz mam ënnerierdesche Parking géing een awer méi déif gruewe goen, esou den Guy Foetz. Senger Meenung no hätt de PAG missen ugepasst ginn.

Effektiv sinn am PAG déi Parzellen, wou elo d’Residenz gebaut gëtt, als normal Zone d'habitation ausgewisen. D'Nopeschparzelle par conter gëllen als Zone à risques mat geféierleche Substanzen. Sou stoung et schonn am ale Bebauungsplang an dorunner huet sech och am neie PAG näischt geännert.

D’Stater Buergermeeschtesch huet allerdéngs d’Ëmweltverwaltung drop opmierksam gemaach, datt elo nieft der CASA-Deponie nei gebaut gëtt. D’Ëmweltverwaltung huet Kontakt mam Promoteur opgeholl. Déi Gespréicher lafen den Ament awer op engem informellen Niveau an et goufen aktuell och keng speziell Oplage fir de Chantier decidéiert. Et géing den Ament keng Gesetzgebung ginn, déi et der Ëmweltverwaltung géing erlaben, bei dësem Schantje Restriktiounen ze maachen, esou den Direkter vun der Ëmweltverwaltung Robert Schmit.

Och allgemeng hätt d’Ëmweltverwaltung keng Kompetenzen, wa wéi an dësem Fall nieft Sitte gebaut gëtt, déi als geféierlech klasséiert sinn.

Dat wär eng Gesetzeslück, esou de Robert Schmit. Ma et wär e Gesetzesprojet iwwer Buedemschutz um Instanzewee. An dësem Text géing och de Problem vun "Altlaste" behandelt ginn.

De Promoteur ass sech bewosst, datt dëst e ganz sensibele Chantier ass, an dowéinst wären och am Virfeld all méiglech Buedemanalyse gemaach ginn. Déi gesetzlech Limitte wären agehalen ginn, esou den Bauhär.

Back to Top
CIM LOGO