ImpfcampagnePhasen 1 bis 6 goufe virgestallt

Fanny Kinsch
Roy Grotz
Fréistens Ufank Mäerz fänkt déi 2. Phas vun der Vaccinatiouns-Campagne un: da gi Leit iwwer 75 Joer invitéiert, fir géint Covid geimpft ze ginn.
Impfcampagne: Phasen 1 bis 6 goufe virgestallt
Fréistens Ufank Mäerz fänkt déi 2. Phas vun der Vaccinatiouns-Campagne un: da gi Leit iwwer 75 Joer invitéiert, fir géint Covid geimpft ze ginn.

Impfstrategie/Reportage Fanny Kinsch

Egal wéi wäert d’Phas 2 vun den Impfungen net ufänken, éier d’aktuell Phas ofgeschloss ass an d’Personal aus dem Santés- a Fleegesecteur alleguer geimpft gouf. Dobäi kommen iwwerdeems nach eng 800 Persoune mat enger kierperlecher oder psychescher Behënnerung, déi a Strukture liewen, déi nach an der Phas 1 drukomme sollen.

An der Phas 2 ginn nieft deenen Eeleren iwwer 75 Joer awer och Leit vaccinéiert, déi wéinst enger existenter Krankheet als “hautement vulnérable” bezeechent ginn.

PDF: Wéi eng Leit ginn a wéi enger Phas geimpft?

Back to Top
CIM LOGO