
Si selwer fuerderen et scho laang. Geschwë soll et Realitéit ginn. Independante sollen, wa méiglech vu Mäerz un en Ersatzgehalt kréien, deen iwwert eng Mutualitéit géing finanzéiert ginn. Dat huet den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch am RTL-Interview en Donneschdeg de Moien ugekënnegt.
D'Konscht, seet den Aarbechtsminister, géing dora bestoen, d'Hëllefen dohin ze ginn, wou se och wierklech gebraucht ginn. An dat ass elo, knapp ee Joer nom Ufank vun der Pandemie hei am Land, och bei de Paie vun de Selbstännegen, sou den Dan Kersch.
"Hei ass et kloer. Et soll eng Entschiedegung kommen oder en Ersatzgehalt, oder wéi och ëmmer der et wëllt nennen, fir déi Betriber déi, duerch eng administrativ Decisioun net dierfe schaffen. Iwwer d'Héicht, mengen ech, ass ee sech och eens an doriwwer, dass esouwuel de Staat wéi och d'Betriber selwer sech un deem Ersatzgehalt solle bedeelegen. Do si mer eis, mengen ech, och an der Tëschenzäit eens."
A Reuniounen tëscht Regierung a Patronat. De Montant vum Ersatzgehalt géing sech um Chômage partiel orientéieren, also 80% vun der Pai, respektiv wéinstens de Mindestloun an héchstens 2,5 Mol de Mindestloun. D’Hëllef soll sou wuel vum Staat, wéi vun de Betriber selwer finanzéiert ginn, iwwer d'Mutualitéit vun den Employeuren, sou nach den Dan Kersch.
"Iwwer déi Beiträg, déi d'Betriber bezuelen. Herno wa mir um Schluss vun der Operatioun sinn, musse mir kucken, wat dat Ganzt da kascht huet. Da musse mer e Wee fannen, wéi déi Käschten dann opgedeelt ginn. Engersäits tëscht dem Staat an anerersäits tëscht de Betriber, wou jo dann eng Solidaritéit vun alle Betriber spillt."
Selbstänneger, deenen hire Betrib awer net muss zou sinn, sinn fir dës Hëllef net eligibel, betount den Aarbechtsminister. Eng zäitlech Limitt wär net geplangt.
"Et sinn eng Rei vun Detailer ze klären. Ech hat den Androck, wéi wann och d'Patronatsorganisatioune sech deem do Wee net méi wéilte verschléissen, sou dass ech optimistesch sinn, dass mir eng Léisung kéinte fannen."
D'Detailer géifen nach a weidere Gespréicher den 23. Februar tëscht de Ressortministeren, der UEL an der Chambre des métiers gekläert ginn. Dat sot op d'mannst den Aarbechtsminister Dan Kersch.
D'Vertrieder vum Patronat sinn um Donneschdeg de Moien, eegenen Aussoen no, vum Stull gefall nodeems se d’Annonce vum Dan Kersch hei op RTL héieren hunn.
D'Iddi, fir en Ersatzgehalt via eng nei Mutuelle ze finanzéieren, stéisst beim neie President vun der Union des Entreprises a President vun der Federation des Artisans op wéineg Géigeléift. Dat hätt een dem Dan Kersch och kloer an de Gespréicher ze verstoe ginn, sou de Michel Reckinger en Donneschdeg am spéide Moien géintiwwer RTL. Gespréicher déi hefteg gewiescht wieren.
D'Patronat bleift derbäi, den Independanten hir Ersatzpai sollt, genee wéi d'Kuerzaarbecht, via de Fonds de l'emploi gespeist ginn. Den Dan Kersch awer géif sech do mordicus dogéint wieren a wéilt duerfir mat senger Annonce vun en Donneschdeg de Moie wëllen een "Nebenschauplatz" opmaachen, sou d'Aschätzung vum Michel Reckinger. Eng nei Mutuelle elo ze schafen, wier komplizéiert an héchstens eng Iddi fir d'Zukunft. Den Ament wiere mol keng Suen duerfir do.