Géint 19 Auer e Méindeg den Owend goungen eng Partie Appellen eran an et gouf gemellt, dass et op der Place d'Armes an engem Gebai brenne géif.
Op der Plaz gouf du festgestallt, dass et zu engem Daach-Brand um 5. Stack vun engem Gebai komm ass. D'Läschaarbechten hu sech als schwéier erwisen, de Brand hat sech nämlech schonn zerguttstert ausgebreet.
Et gouf dann och decidéiert, de Brand vun 2 Säiten ze läschen, eemol vun der Place d'Armes aus an eemol vun der Louvignysgaass aus, dat och mat Hëllef vun enger Dréileeder oder enger spezieller Drone.
Ronn 50 Pompjeeën aus 4 verschiddenen Zentre waren un de Läschaarbechte bedeelegt, iert een dunn d'Quell vum Brand, enger Kichen am Gebai, erreeche konnt. Komplett ënnert Kontroll war de Brand schlussendlech géint 21.30 Auer.
Et gouf sur Place gebieden, de Beräich groussraimeg z'evitéieren. Um kuerz no 21.30 Auer war de Brand ënner Kontroll. Zwou Persoune koume fir eng Kontroll an d'Spidol, dat wéinst Verdacht op eng Dampvergëftung.