Am Januar hat d'Fédération des Entreprises de Pompes funèbres et de Crémation gefrot, fir d'Personal och impfen ze loossen.

Dat, well dës Leit dacks a Spideeler a CIPAen zirkuléieren, fir do Doudeger fir dee leschte Wee ze preparéieren. Wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert matdeelt, géinge Leit, déi bei enger Firma schaffen, déi fir d'Begruewe vun Doudegen zoustänneg sinn, net prioritär geimpft ginn.

D'Ministesch preziséiert, datt ausser de Santés- a Fleegeberuffer keng aner Beruffsgruppe prioritär de Covid-Vaccin kréien. Och wieren d'Leit vun de Pompes Funèbres och net op den Covid-Unitéiten ënnerwee, mee an der Morgue.

Nëmme 17% vun alle Covid-Patienten, déi wéinst dem Virus verscheeden, stierwen iwwerdeems doheem. Zanter Ufank vun der Pandemie si bei iwwer 640 Doudege ronn nëmmen 30 Leit doheem verscheet (4%).

Applicabel, fir sécher mat enger Läich vun engem Covid-Doudegen ëmzegoen, ass iwwerdeems nach ëmmer eng Nott vun Abrëll 2020.

D'Demande vun der Federatioun vun den Doudegriewer gëtt deemno net zeréckbehalen, sou d'Ministesch Lenert an hirer Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt.