Méiglech privat HRS-Impfcampagne?Verwaltungsrot an Dr. Schummer mat kontradiktoreschen Aussoen

Roy Grotz
Diana Hoffmann
Sascha Georges
Andy Brücker
Lynn Cruchten
De Claude Schummer seet, d'Hierarchie wier au courant gewiescht vu sengen Handlungen. De Verwaltungsrot dementéiert déi Ausso.
Méiglech privat HRS-Impfcampagne?
Verwaltungsrot an Dr. Schummer mat kontradiktoreschen Aussoen

Et steet Ausso géint Ausso bei der méiglecher privater Impfcampagne vun den Hôpitaux Robert Schuman. Vum HRS- Verwaltungsrot heescht et, sou eng hätt et net ginn.

Dozou sot den HRS-Porte Parole Marc Glesener:

“D’Hôpitaux Robert Schuman als Institutioun haten an hunn zu kengem Zäitpunkt eng privat oder parallel Impfcampagne zur Regierung geplangt. Esou eng Demarche ass fir d’HRS absolut net ze toleréieren.”

Statement vum Marc Glesener

D’HRS wieren och net au courant gewiescht iwwert dem Dr. Schummer seng Initiative bei enger privater Assurance, fir Leit privat ze impfen.

Op d’Fro, ob de Claude Schummer nach Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman ass, war et op en Neits d’Äntwert, dass den Här Schummer zanter leschtem Méindeg net méi um Büro wier.

De Claude Schummer sengersäits relativéiert a seet “d’Hierarchie” wier au courant gewiescht vu sengen Handlungen.

Et hätten och Demarchen am Ausland gi fir Vaccinen ze kafen, mat deenen hien awer “näischt ze di gehat hätt”. An datt et “à la base de Plang war, fir Privatbetriber ze impfen“. Eenzeg an eleng déi informell Kontakter zu Pfizer wäre vun him gemaach ginn.

En Dënschdeg am spéiden Nomëtteg kënnt de Verwaltungsrot vun HRS beieneen, wou dann och den Nofollger vum Claude Schummer designéiert gëtt. Wéi RTL et scho gemellt hat, dierft dëst den Dr. Gregor Baertz ginn, deen aktuell de medezineschen Direkter ass.

Hannergrënn vun der Affär

RTL-Informatiounen no hätt de Claude Schummer probéiert, eng privat Impfstrategie parallel zur Regierung ze lancéieren, ouni datt dës dovunner Bescheed gewosst hätt.

Fir dës eegen Campagne, déi net vum Verwaltungsrot ofgeseent war, ze realiséieren, sollt, eisen Sourcen no, am Ausland Vaccin kaf ginn, fir dono zesumme mat enger Entreprise aus dem Assurancësecteur, der DKV, Leit privat ze impfen. Op Nofro hi seet d’DKV, datt si dozou kee Commentaire géingen ofginn.

Dës Demarchë wieren, weidere Sourcen no, vum Generaldirekter Schummer eleng, also ouni d’Wësse vum Verwaltungsrot, gemaach ginn.

RTL-Informatiounen: De Claude Schummer hat probéiert, eng privat Impfstrategie ze lancéieren

Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Ween wéini Corona-Impfstoff besuerge wollt bei den Hôpitaux Robert Schuman, doriwwer kann d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert keng Ausso maachen. Och si huet bis elo nëmme vu Rumeuren héieren. Privatinitiative si fir si awer net toleréierbar.

Si wëll kloer ënnersträichen, dass si dofir ass, esouvill Impfstoff wéi méiglech an d’Land ze kréien, mä dass alles muss iwwer de legal Weeër ofgewéckelt ginn, also iwwert d’Santé.

Zu de Rumeuren, dat HRS ouni d’Regierung ze informéiere soll versicht hunn, Corona-Impfstoff ze besuergen, seet si:

“Dat ass absolut net ze toleréieren dat een an där Pandemie hei Privatiséierungstendenze géif zouloossen. Mir sinn an enger Situatioun wou all Impfstoff zielt. Wou mer es nach net genuch fir jiddereen hunn.”

Generell wier si awer net géint Privatinitiativen:

„Wa Piste si fir ob aner Weeër Impfstoffer ze kréien, dann ass dat eng gutt Saach. Mir sinn als Staat natierlech och frou, fir all Zousazimpfstoff dee ka fonnt ginn. Mä wann dee bis am Land ass, ass dat selbstverständlech, datt dee sech muss aschreiwen an déi national Impfstrategie. Dat ka guer net anescht sinn.“

Versich privat Impfcampagnen un der Santé laanscht ze organiséiere verurteelt si schaarf. Wann et wierklech esou Intentioune gi wieren, da condamnéiert si dat zu 100 Prozent.

“Ech kann iech nëmme soen, datt ech keng Kenntnis dovun hunn. Mir hunn déi Rumeuren och nogedroe kritt, nogefrot an näischt an déi Richtung bestätegt kritt. Dat do iergendwou eng Intentioun wär vun den Hôpitaux Robert Schuman fir sou eppes en Place ze setze gouf net bestätegt. A sou fern si mer Stand haut nach ëmmer bei Rumeuren. Wann esou eppes sech sollt bestätegen, da muss ech mech absolut dozou distanzéieren. Dat ass eppes wat mir esou net kënnen droen oder toleréieren.”

Géinge sech déi Rumeuren also bewourechten, sou sinn, der Gesondheetsministesch no, déi dofir Responsabel net méi drobar. Ob den HRS-Generaldirekter Claude Schummer nach ob sengem Posten ass, ka si weder confirméieren, nach dementéieren.

Vun der Personaldelegatioun aus den Hôpitaux Robert Schuman sinn iwwerdeems keng weider Informatiounen ze kréien. De Vizepresident Armand Klamm wëll keng Reaktioun ob den Dossier ginn, a verweist ob de Pressespriecher vun HRS.

Och beim LCGB wier een net informéiert iwwer d’Faiten. De Generalsekretär adjoint Christophe Knebeler:

“Et gesäit éischter schonn esou aus wéi wann e Wiessel géing kommen am Spidol. Dat schéngt kloer ze sinn. Mee et ass net ganz transparent an deementspriechend soll elo relativ schnell fir déi néideg Kloerheet gesuergt ginn.”

Dëst wier néideg, dass e gudde Spidolsoflaf weider kann assuréiert ginn. E Vide um Niveau vun der Direktioun wier schliisslech ni gutt, sou de Generalsekretär adjoint.

P.Lenert iwwer Situatioun bei HRS - Reportage Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO