Infoen iwwer Niewewierkungen3 Persoune sinn zu Lëtzebuerg no Corona-Impfung gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Point iwwert d'Coronasituatioun zu Lëtzebuerg gemaach.
Resumé Pressekonferenz Paulette Lenert a Xavier Bettel
D’Gesondheetsministesch an de Premier hunn iwwert déi aktuell Corona-Situatioun am Land informéiert.

PK-Regierungsrot / Reportage Claude Zeimetz

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet widderholl, datt d’Situatioun “ugespaant” ass, wann och éischter stabel. Bei den iwwer 75 Joer ale Leit weist sech den Effet vun der Impfung. Do ginn et manner Neiinfektiounen. Et sinn elo awer méi jonk Leit an de Spideeler. D’Altersmoyenne läit bei 57 Joer. Een Drëttel vun de Patienten ass op der Intensivstatioun, soss war et ee Véierel.

D’Gesondheetsministesch huet och Prezisioune ginn zu den Niewewierkungen, déi no de Covid-Impfungen hei am Land opgetruede sinn. 1% vun de Leit, déi bis ewell geimpft goufen, hu Reaktioune gemaach. 3 Persoune sinn no enger Impfung gestuerwen. 3 Persoune waren a Liewensgefor an 13 hu missen hospitaliséiert ginn. Am Ganze gouf et 7 Thrombosen no enger Impfung.

Prezisiounen aus dem Rapport iwwert d’Doudesaffer

3 Persounen sinn de leschten Informatiounen no enger Coronaimpfung zu Lëtzebuerg gestuerwen, dee Chiffer huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Mëttwoch op enger Pressekonferenz genannt. D’Analyse sinn allerdéngs nach net ofgeschloss, ob et effektiv en direkte Lien mam Vaccin gëtt oder net. D’Santé huet eng éischte Kéier Chiffere vun den Niewewierkunge vun den Impfungen hei am Land publizéiert. Aus dem Rapport geet ervir, datt et sech bei den Doudegen ëm zwee Männer handelt, déi mat Biontech-Pfizer geimpft goufen. Ee Mann vu 77 Joer ass 3 Deeg no senger éischter Dosis un enger Pneumopathie gestuerwen. E Lien mam Vaccin wier onwarscheinlech, steet am Rapport. Den zweete Patient hat 91 Joer an ass 7 Deeg no senger éischter Dosis un enger Longenembolie verscheet. Virdru war jo schonn de Fall vun enger Fra vu 74 Joer bekannt, déi zwou Wochen no der éischter Dosis AstraZeneca un enger Gehierbluddung mat enger sougenannter Thrombopenie gestuerwen ass. Dat ass eng Gerënnungsstéierung am Blutt, wann d’Zuel vun de Bluttplaquetten erofgeet. Eng weider Fra vu 75 Joer krut no hirer Impfung mam AstraZeneca eng Longenembolie a muss den Ament dowéinst och nach behandelt ginn. Eng Sinusvenenthrombose, déi rare Thrombosen am Kapp also, déi déi ganz Diskussiounen iwwert de brittesch-schweedesche Vaccin ausgeléist haten, gouf hei am Land keng notéiert. Et goufe 6 arteriell oder venös Thrombosen repertoriéiert, zwou dovunner mat enger Longenembolie. Et huet sech hei ëm véier Fraen an zwee Männer tëscht 49 an 85 Joer gehandelt. D’Fäll goufen alleguerten der europäescher Medikamentenagence Ema gemellt.

D’Paulette Lenert hat e Mëttwoch och 3 Fäll genannt, bei deene Persounen a Liewensgefor geschwieft hunn no enger Impfung. Allen dräi goufen mat Biontech-Pfizer geimpft. Et handelt sech ëm zwou Fraen vun 78 a 94 Joer an e Mann vun 80 Joer déi den Dag selwer vun der Impfung an d’Spidol komm sinn. Si hate Problemer fir Loft ze kréien.

Beim Moderna-Vaccin goufe bis ewell keng seriö Niewewierkunge festgestallt. Alles an allem sinn 1.125 Persounen mat Niewewierkungen vun der Santé erfaasst ginn. Déi allermeescht hate liicht Reaktiounen.

D’Autopsie, déi nom Doud vun enger Fra vu 74 Joer gemaach gouf, ass wéi gesot bis elo nach net ofgeschloss. Prozentual gesi gouf et déi meeschten Niewewierkunge beim Biontech-Pfizer-Vaccin mat 10 op 1.000 Fäll.

PDF: De komplette Rapport iwwert d'Niewewierkunge bei de Covid-Impfungen

Back to Top
CIM LOGO