ConfirméiertKleedergeschäft Bram kritt en neie Proprietär

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Firma Breuninger deelt an engem Communiqué mat, datt een d'Butteker vu Konen zu München a Bram zu Lëtzebuerg iwwerhëlt.
© RTL (Archiv)

Vum Direkter vu Breuninger Holger Blecker heescht et, datt ee Lëtzebuerg als attraktiv international Destinatioun gesäit. Iwwer déi finanziell Detailer ass näischt gewuer ze ginn, och net op et am Geschäft Bram Changementer wäert ginn.

D'Entreprise Breuninger gouf 1881 gegrënnt, beschäftegt 5.500 Mataarbechter an huet dann lo neierdéngs 13 Geschäfter.

PDF: De Communiqué

Back to Top
CIM LOGO