Den neie Fong wäert vun der SNCI geréiert ginn. E soll a jonk an innovativ Betriber investéieren, esou de Finanzminister Gilles Roth. Do wier ugeduecht: "En Dual Use, datt mer e Verdeedegungszweck hu mee och eng zivil Notzung vun deenen Instrumenter, an déi investéiert gëtt."
Hien huet d'Beräicher Cybersécherheet, Weltraum, Automatisatioun a Smart Materials genannt, an deenen ee wëll investéieren.
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet berouegt: "Mir wäerten zu Lëtzebuerg keng grouss Werfte kënne bauen, wou Schëffer gebaut ginn. Mir wäerte keng grouss Flugzeugträger hei zu Lëtzebuerg bauen, keng Panzeren a keng Fligeren. Mir ginn hei mat deem Fong Investissementer maachen a Betriber, déi innovativ sinn, a Betriber, déi Zouliwwerer kënne ginn."
Dat och fir aner europäesch Firmen a Konzerner am Defenseberäich. De Fong kann entweder direkt an esou Betriber investéieren oder awer iwwert spezialiséiert Investmentfongen, déi an deem Beräich aktiv sinn.
Lëtzebuerg muss jo am Kader vun der NATO fënnef Prozent vum RNB an d'Defense investéieren. De Fong hei soll dofir suergen, datt déi Suen net einfach direkt an d’Ausland fléissen.
D'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes sot: "Dofir brauche mer eng méi staark Defenseindustrie, déi déi Kapazitéiten, déi mir musse kafen, dann och produzéiert. A fir eis ass ebe wichteg, datt mer och Lëtzebuerger Acteuren hunn, wou mir kënne kafen."
Déi 150 Milliounen Euro kommen zur Hallschent vun der SNCI. De Fonds souverain intergénérationnel leet 25 Millioune bäi, an de Fonds de l'Innovation vum Wirtschaftsministère déi aner 50 Milliounen Euro.