Pressekonferenz Bettel/LenertNei Ouverturen annoncéiert: 10 ass déi nei 4

Carine Lemmer
Méi Fräiheeten, méi Normalitéit, dofir awer méi Responsabilitéite fir den Eenzelen. Vu Mammendag u gëlle manner streng Coronamesuren am Grand-Duché.
Nei Ouverturen annoncéiert
Vu Mammendag u gëlle manner streng Coronamesuren am Grand-Duché.

Nei manner streng Coronamesuren / Reportage Carine Lemmer

Vum 13. Juni u gëllt d’Ausgangsspär net méi. An de Restauranten a Caféë gëtt et dann och keng Spärstonn méi. Et däerf ee geschwënn och 10 Leit bei sech heem invitéieren, zu 10 zesummen op enger Terrass sëtzen oder bannenan zu 4 op engem Dësch, ouni negativen Test. Dat sinn e puer vun de gréissere Lockerungen, déi de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Mëttwoch de Mëtteg annoncéiert hunn.

Méi Normalitéit a Fräiheeten duerch de “Covid Check”

Covid-Zertifikat
Méi Fräiheeten, méi Normalitéit, dofir awer méi Responsabilitéite fir den Eenzelen. Vu Mammendag u gëlle manner streng Coronamesuren am Grand-Duché.

Am Restaurant kann de Gerant oder Patron decidéieren, Dëscher vu 4 ze maachen. Do brauchen d’Clientë keen negativen Test méi. Wann ee méi flexibel wëll sinn a méi grouss Dëscher a Gesellschafte wëll erlaben, gëllt de sougenannten „Covid Check”. Wëll soen: Et muss ee per QR-Code beweise kënnen, dass ee getest, fäerdeg geimpft oder nees gesond ass a seng Coronainfektioun iwwerstanen huet.

Zertifiéiert Schnelltester sollen an Zukunft och 48 Stonne laang gülteg sinn, PCR-Tester behalen eng Gültegkeet vun 72 Stonnen. Déi 3 Méiglechkeeten – geimpft, getest oder gesond – si gläichwäerteg. De Vaccin ass keng Obligatioun, huet de Premier betount. D’Impfe wär de Moment awer den Haaptmoyen, fir eraus aus der Pandemie ze kommen, sot de Xavier Bettel.

De „Covid-Check”, de QR-Code (digital oder op Pabeier), gëllt och fir aner Beräicher, wou Leit zesummekommen. Bei bis zu 10 Persoune gëlle weider keng Restriktiounen. Bei Rassemblementer vun 11 bis 50 Leit gëllen zwee Meter Distanz an de Mask, et muss een awer net sëtzen. Bis zu 300 Mënsche kënnen – wa getest, geimpft oder gesond - ouni Mask an Distanz zesummekommen. Ouni “Covid Check” musse si sëtzen, e Mond- an Nueseschutz unhunn an de Sécherheetsofstand anhalen.

Ouverturen am Sport

Vum 13. Juni u kann een zu 10 zesumme Sport maachen ouni Restriktiounen. Bei iwwer 10 Persounen huet een de Choix tëscht enger Distanz vun 2 Meter, déi muss agehale ginn oder dem Droe vun der Mask. Fir Manifestatiounen tëschen 11 a 50 Persoune gëllen 2 Meter Distanz an de Mask. Bei 51 bis zu 300 Spectateuren (virdrun 150) muss een do dernieft och nach sëtzen. Mam neie Covid-Check (getest, geheelt, geimpft) falen dës Restriktiounen ewech. An deem Fall kéinten och d’Buvetten opgemaach ginn.

Et gëtt och d’Méiglechkeet, Sportskompetitiounen ze organiséiere mat bis zu 2.000 Leit (bis elo 1.000), dat awer just mat engem spezielle sanitäre Konzept, dat vun der Santé muss accordéiert ginn.

Interessant an dësem Kontext sinn zum Beispill d‘Basketfinallen an de Championnat am Cyclissem.

Commerce

Am Commerce fält d’Reegel vun 10 Metercarré fir ee Client ewech, d’Maskeflicht bleift awer bestoen, och am ëffentlechen Transport. An et däerf een och nees iessen oder drénken an engem Akafszenter oder op enger Gare.

Neien Impfrekord erreecht

E Mëttwoch den Owend dierft een en neien Impfrekord opstelle mat méi wéi 8.000 Vaccinatiounen an de verschiddenen Impfzentren. Et kruten och schonn déi éischt Persounen ënner 40 Joer hir Impf-Invitatioun geschéckt.

Donieft gouf op der Pressekonferenz preziséiert, wat “fäerdeg geimpft” heescht. Do gëllt den Datum vun der 2. Impfung oder den Delai vun zwou Wochen no enger Dosis vun Johnson&Johnson. Hat een de Virus, gëllt een zwou Wochen no der éischter Impfung schonn als geimpft. 6 Méint laang gëllt een no enger Coronainfektioun als „geheelt”. D’Quarantän fält an Zukunft iwwerdeems fir Geimpfter oder Gesonder ewech.

Gratis Bong fir Large-Scale-Test fir Kanner an Erwuessener tëscht 6-30 Joer

Déi méi Jonk, déi nach net konnte geimpft ginn, kréien e Bong fir de Large-Scale-Testing. Betraff sinn déijéineg tëscht 6 an 30 Joer.

Eng weider gutt Nouvelle fir d’Schüler ass, dass de Mask am Schoulhaff net méi obligatoresch ass, am Schoulgebai allerdéngs schonn.

Vulnerabel Leit besser schützen

Déi méi vulnerabel Leit an Alters- a Fleegeheemer an an de Spideeler solle besser geschützt ginn. Per Gesetz soll festgehale ginn, datt een als Visiteur en negativen Test brauch. D’Personal muss 2 Mol d’Woch en Test maachen oder de Covid-Check virweisen.

Dës Mesuren, déi jo nach musse vun der Chamber ugeholl ginn, solle vum 13. Juni bis de 15. Juli gëllen.

Pressekonferenz am Replay

Back to Top
CIM LOGO