Iwwert dem Westen a Süde vum Grand-Duché si schwéier Wiederen iwwert d’Land gezunn. An déi hunn deels ganz staarke Reen mat sech bruecht. Rieds ass vun tëscht 15 a 25 Liter de Metercarré. Plazeweis koum et zu Iwwerschwemmungen a Kellere stoungen ënner Waasser.

Dobäi koum plazeweis och nach massive Wand. Zu Housen koum et zu engem meteorologesche Phenomen, dee staark un en Tornado erënnert huet.
En Expert vu Meteolux huet allerdéngs op Nofro hin ausgesot, dass et et sech net ëm een Tornado gehandelt huet. Fiicht waarm Loftmasse wiere wuel do eropgedriwwe ginn an dat hätt vu Wäitem un en Tornado erënnert. Och hir Radaren hätten näischt ugewisen, dat op e Wierbelstuerm higewisen hätt.
Op Kachelmannwetter.lu goufe bis 17 Auer iwwer 4.200 Blëtzer gezielt.

Wéi de Colonel Steve Mack am RTL-Interview betount huet, wier et wichteg, fir Problemer ze evitéieren, datt Automobilisten, wa se gesinn, datt Waasser an der Strooss steet, net weider ze fueren, mä ze probéieren, déi Plaz ze evitéieren.

Wéi de CGDIS mellt, koumen no 17 Auer net manner wéi 918 Appeller beim 112 eran. 344 Mol hunn d’Pompjeeë misse wéinst iwwerschwemmte Kelleren oder Beem an der Strooss ausrécken.
Déifferdeng, d’Stad, Monnerech a Péiteng sinn déi Plazen, déi am meeschten ënnert de Wieder gelidden hunn. Zu Déifferdeng goufen et 110 Interventiounen, an der Stad waren et der 101, zu Monnerech 54 an zu Péiteng 49. Dës Chifferen nennt de CGDIS an engem Schreiwes a beschreift do och méi markant Interventiounen. Zu Reckeng op der Mess waren d’Rettungsdéngschter geruff ginn, well eng Persoun wéinst dem Waasser net méi aus hirem Auto koum, op der Plaz hunn d’Pompjeeën dunn awer just deen eidele Won fonnt. Zu Miersch huet eng Kou misste gerett ginn an zu Péiteng hat et gebrannt, well de Blëtz ageschloen hat. Et gouf kee blesséiert.
Fir datt déi vill Appeller alleguerte konnten entgéint geholl ginn, hunn 11 fräiwëlleg a professionell Operateuren d’Ekipp vum Déngscht beim CGDIS ënnerstëtzt.
Op Nofro hi sot d’Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, d’Christiane Brassel-Rausch, déi technesch Déngschter hätten d’Gullisdeckele gehuewen, fir datt d’Waasser méi séier fort kënnt. D’Strooss, déi betraff ass, ass mat ee vun deenen déifste Punkten zu Déifferdeng a gehéiert zu der Iwwerschwemmungszon.

D’Buergermeeschtesch sot iwwerdeems, et wier relativ vill Schued entstanen. Ënnert anerem wieren Autoen, Schoulen, de Centre d’intervention vun der Gemeng an d’Fuussbanner Jugendhaus betraff. Et gëtt eng laang Nuecht fir de Service technique, esou nach d’Buergermeeschtesch.
Vum CGDIS heescht et, datt bis ewell kee Mënsch schro blesséiert gouf.

Wéi d’CFL matdeelen, ass wéinst dem Wieder den Zuchtrafic tëscht Kautebaach a Klierf a béide Richtungen ënnerbrach well et en technesche Problem op der Héicht vu Wëlwerwolz gouf. D’Zich ginn duerch Busser ersat.
Schreiwes
En raison des conditions météorologiques défavorables ayant entrainé un problème technique sur l’infrastructure à hauteur de Wilwerwiltz, la circulation des trains est actuellement interrompue entre Kautenbach et Clervaux, dans les deux sens (ligne 10). Pour assurer le bon acheminement des voyageurs sur le tronçon susmentionné, les CFL ont mis en place un service de bus de substitution.
Les CFL prient de bien vouloir excuser les désagréments causés. Pour plus d’informations concernant les alternatives et horaires de circulation, les voyageurs sont invités à consulter l’application CFL mobile ou le site www.cfl.lu.
Um 18 Auer sollt ugepaff ginn, ma wéinst dem Wieder huet de Match eng gutt hallef Stonn méi spéit ugefaange wéi ugangs virgesinn.


TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.