
En Donneschdeg waren 230 Leit aus hiren Haiser gerett ginn, 150 vun hinne goufe vun der Gemeng an Hoteller a Jugendherberge bruecht, déi aner koume bei Famill oder Frënn ënner Daach. Och e Freideg de Moien nach hunn d'Rettungsdéngschter eng Rei Leit evakuéiert, déi en Donneschdeg nach net eraus wollten, wärend déi éischt Geschäftsleit ugefaangen hu mat Raumen a Botzen.
An dat war net sou einfach. Wéinst dem Héichwaasser sinn an enger Rei Kelleren d'Masuttsheizungen ëmgefall an ausgelaf. An dat huet ee geroch a gesinn, ma de Buedem ass och immens rëtscheg ginn. Dat huet ënnert anerem dem Thomas Huybrecht d'Aarbecht méi schwéier gemaach, wéi hie moies a sengem Buttek an der Haler Gaass ugefaangen huet mat Opraumen.
"Vor 4 Monaten sind wir umgezogen von der Val de Roses hier in die Rue de la Gare, alles neu gemacht, Stahlträger, komplett den Laden umgebaut, neue Böden rein, alles komplett gemacht und jetzt... ja, furchtbar. Also 40 Zentimeter Wasser, Böden müssen raus, alles muss neu gemacht werden, eigentlich eine Katastrohe. (...) Der Keller ist bis auf einen Zentimeter vollgelaufen, also komplett unter Wasser, Heizung kaputt, muss neu gemacht werden."
Mat Hëllefen an Assurancen hat den Optiker sech nach net beschäftegt. Fir d'éischt géing mol gekuckt ginn, wat genee de Schued wier an da wéilt een de Buttek och sou séier wéi méiglech nees an d'Rei kréien an opmaachen. Änlech huet et de Michel Leitz gesinn, deen e Freideg de Moie mol nach net konnt kucke goen, wéi et a sengem Geschäft géing ausgesinn, ma den Noper misst wuel nach méi laang waarden:
"Mir sinn op 1,4 Meter a mir wäerten eng 50, 60 Zentimeter gehat hunn, sou datt ee ka vun 1,80-1,90 Meter ausgoen, also bis just ënnert de Plaffong, wann ee vun 2,30 Meter Héicht ausgeet, wou d'Noperen impaktéiert waren, bei eis eben awer och. (...) Mir hunn nach en anere Bail niewendrun, do hate mer e bësse méi Chance, do ass och en Holzbau gebaut ginn an do hat schonn d'Gemeng opgrond vun den éischten Héichwaasser gesot, an deene Stroosse muss u sech vum éischten Niveau un eréischt gebaut ginn. Dat heescht, mir haten do eng Héichwaasserschutzmesure, wou ënne Parking war an e ganz ganz klengen Agangsberäich an dann direkt um éischte Stack ass et u sech u gaangen, also 2,50 Meter Héicht."
Fir déi Leit, deenen hir Wunnengen elo nach vun den Iwwerschwemmunge betraff sinn, heescht et iwwerdeems vun der Gemeng nach ze waarden, a virun allem net an d'Héichwaasser ze goen. Dat sot den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler bei eis am Mëttesjournal.
"Et sinn immens vill Geforen, et ass voll mat Masutt, et ass glëtscheg, mir hate Chance, datt kee Mënsch zu Schued komm ass, a mir wëllen, datt dat och sou bleift. Dofir hu mer och gesot, mat de Responsabel vum CGDIS zesummen, datt mer d'Leit informéieren, wa se nees an d'Haiser kënne goen."
Dat wier awer fréistens e Samschdeg de Moien, huet de Gemengepapp geschat.