Demissioun vun der 1. SchäffinSteet d'Gemeng Weiler zum Tuer virun Neiwalen?

Monique Kater
De Buergermeeschter ass no der Demissioun op der Sich no engem neie Schäffen. D'Oppositioun hirersäits freet Neiwalen.
Weiler zum Tuer kënnt net zur Rou
No knapps dräi Joer huet déi éischt Schäffen Andrée Colas demissionéiert a spuert net mat Kritik um Schäfferot.

Knapps dräi Joer war et calme an der Weiler-Kommunalpolitik. Mä vun en Dënschdeg un ass déi Rou awer schonn erëm Vergaangenheet. De Schäfferot, dee sech Enn 2018, als Resultat vun zwee mol Komplementarwalen, als nei Ekipp mat frëschem Wand presentéiert huet, sicht en neie Member.

Récktrëtt am Schäfferot zu Weiler / Rep. Monique Kater

D'Andrée Colas hat den 22. August schonn hir Demissioun agereecht, well si sech mat der Aart a Weis, wéi am Schäfferot geschafft gëtt, net méi kann identifizéieren. Wärend de Weiler-Gemengepapp en neie Schäffe sicht, freet d'Oppositioun Neiwalen. D'Gemeng schéngt virun enger neier Kris ze stoen, riets geet nämlech och vun Dysfonctionnementer.

Dass eppes net géif klappen an deem Schäfferot, hätt een an de Reunioune vum Conseil scho mat kritt, seet d'Cecile Hemmen a benotzt d'Wuert Onstëmmegkeeten. Wann een zu Dräi wier an op eemol ee bei engem Projet géint seng eege Leit géing goen, wier do eng faul. Weider bemängelt si, datt et an der Gemeng keng Kommunikatioun gëtt, well de Gemengerot eréischt spéit iwwert d'Demissioun informéiert gouf.

D'Begeeschterung vun der Andrée Colas, fir als éischt Schäffen ze agéieren, ass no a no manner ginn, si wier extrem enttäuscht a stéing dofir elo och honnertprozenteg hannert hirer Decisioun, fir zréckzetrieden. D'Differenze sinn duerch komplett verschidde Vuen entstanen. D'Andrée Colas géif eng transparent Politik maachen, déi riicht eraus ass. Dat ka si awer net vun den anere Memberen am Schäfferot behaapten. Hei wiere Saache geschitt, déi guer net hätten dierfte passéieren an dat huet si och an hirem Bréif un d'Ministere matgedeelt.

Hir Decisioun ass op de Buergermeeschter an deen anere Schäffen zeréckzeféieren. Differenzen an eng aner Mentalitéit wieren den Ausléiser. Vum Bob Wagner krute mir bis elo nach keng Äntwert, de Vincent Reding wäert e Mëttwoch als Buergermeeschter op de Récktrëtt vun der Andrée Colas reagéieren.

RTL-News: Weiler zum Tuer - Gemeng kënnt net zur Rou: Andrée Colas demissionéiert als 1. Schäffin

Back to Top
CIM LOGO