
D'Andrée Colas, déi sech an de Komplementarwale vum Oktober 2018 zesumme mam Bob Wagner géint en 3. Kandidat fir an de Gemengerot konnt duerchsetzen, huet demissionéiert. Eng Decisioun, déi op den 22. August zréckgeet, déi e Méindeg awer eréischt public gouf: an engem Schreiwes un d'Membere vum Gemengerot heescht et, de Ministère hätt d'Demissioun vun der 1. Schäffin den 31. August mat engem Arrêté confirméiert. D'Andrée Colas géif awer am Conseil bleiwen. Well een zu Weiler zënter ugangs Juni am Schäfferot nëmme méi mat 2 Membere géing funktionéieren, sollten d'Conseillere sech eens ginn, wien d'Mandat vum Schäffen iwwerhëlt.
Hire Schrëtt wier gutt iwwerluecht, erkläert d'Andrée Colas. Mat verschiddene Praktike wier si net averstanen an dofir wier si hei net méi op der richteger Plaz.
De Buergermeeschter Vincent Reding brauch also elo en neie Schäffen, erreecht hu mir hie bis ewell net. Zu Weiler gouf an de leschte 5 Joer zweemol no-gewielt. D'Sich no engem Remplaçant dierft deemno keng onkomplizéiert ginn.