LokalesDe Sammy Wagner soll neie Buergermeeschter zu Stengefort ginn

RTL Lëtzebuerg
De Guy Pettinger hat jo seng Demissioun als Buergermeeschter bekannt ginn. Elo soll de Sammy Wagner d'Relève iwwerhuelen.

De Stengeforter Gemengerot huet a senger Sëtzung vun en Donneschdeg d’Nominatioun vun engem Kandidat fir d’Successioun decidéiert.

Proposéiert gëtt dem Grand-Duc fir de Poste vum Buergermeeschter de 34 Joer ale Physiksproff an aktuelle LSAP-Schäffe Sammy Wagner.

Den doduerch vakante Schäffeposte soll déi 53 Joer al Bank-Salariée Marianne Dublin-Felten iwwerhuelen. Dat schreift déi Stengeforter LSAP-Sektioun um Freideg de Moien an engem Communiqué.

PDF: Pressecommuniqué vun der LSAP

Back to Top
CIM LOGO