Virum TramsschappDemonstratioun fir e Verfassungsreferendum ze fuerderen

Fanny Kinsch
Am Kader vun enger Informatiounsversammlung iwwert d'Verfassungsreform, koum et och zu enger Demonstratioun, bei där e Referendum gefuerdert gouf.
Demonstratioun fir e Verfassungsreferendum ze fuerderen
D'ADR an de Wee2050 haten zur Manifestatioun opgeruff, e Grupp deen 2015 gegrënnt gouf.

Infoversammlung iwwer Verfassungsreform - Rep. Fanny Kinsch

Eng 100 Leit waren e Freideg den Owend am Tramsschapp, fir eng Infoversammlung iwwert d'Verfassungsreform, mat Deputéierte vun all de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn. Grad esou vill Leit hunn zur selwechter Zäit virum Tramsschapp demonstréiert, fir e Verfassungsreferendum anzefuerderen.

D'Demonstranten hu wärend där ganzer Versammlung mat Trillerpäiffe Kaméidi gemaach a "Referendum, Referendum" geruff. D'ADR an de Wee2050 haten zur Manifestatioun opgeruff, e Grupp deen 2015 gegrënnt gouf, fir sech géint d'Auslännerwalrecht staark ze maachen a mëttlerweil mat der ADR zesummeschafft.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, deen um Panel vum Informatiounsowend souz, huet sech wärend der Debatt no Kritik vum Mars di Bartolomeo awer vun engem Deel vun der Demonstratioun distanzéiert.

De Fernand Kartheiser - "Ech hunn näischt domat ze dinn"

D'Fro vum Referendum huet op alle Fall och vill Leit am Sall beschäftegt, wéi sech bei de Froe gewisen huet...

D'Fro vum Referendum huet vill Leit beschäftegt

Doriwwer eraus hunn och vill Leit sech Froe gestallt zu der Definitioun vun der Famill an der Verfassung, an eng Rei Leit hu sech Suerge gemaach iwwert eng méiglech Impfflicht.

Déi 4 gréisst Parteien an der Chamber, CSV, LSAP, DP an déi Gréng haten decidéiert, keng komplett nei Verfassung anzeféieren, ma déi aktuell a 4 Kapitelen ze revidéieren an eenzel ze stëmmen, an anescht wéi beim Projet virdru geplangt, kee Referendum z'organiséieren. En Här aus dem Publikum war domat averstanen: "Dir musst d'Responsabilitéit huelen, mir sinn net an der Schwäiz hei, wou fir all Dommheet e Referendum gefrot gëtt. Da froen ech mech, firwat sinn déi Leit an der Chamber do gewielt ginn?"

D'Fro vum Referendum huet vill Leit am Sall beschäftegt.
Déi meescht Leit, déi e Freideg den Owend d'Wuert ergraff hunn, hu sech awer fir e Referendum ausgeschwat.

Infoversammlung iwwer Verfassungsreform - Rep. Fanny Kinsch

Déi meescht Leit, déi e Freideg den Owend d'Wuert ergraff hunn, hu sech awer fir e Referendum ausgeschwat:"Ech mengen déi Fro vum Referendum ass elo 4 mol gestallt ginn, mir krute 4 mol déi selwecht Äntwert: d'Situatioun huet geännert. D'Situatioun ass, dass d'Vollek iech freet fir e Referendum, wat ass dorun net ze verstoen?"

Virum Tramsschapp an deem den Informatiounsowend war gouf et och eng Demonstratioun fir e Referendum anzefuerderen.

D'ADR hat mat zu der Manifestatioun opgeruff, ma den Deputéierte Fernand Kartheiser huet sech awer am Laf vum Owend vun engem Deel vun den Demonstranten, déi versicht hunn d’Diskussioun ze stéieren, distanzéiert... dëse jonke Mann aus dem Publikum huet dat net kredibel fonnt.

Back to Top
CIM LOGO