
E Samschdeg den Owend géint 20 Auer krut d'Police en Automobilist gemellt, deen op der Streck tëscht dem Briddel a Koplescht net nëmmen eng Leitplank, ma och nach e Schëld an eng Mauer ze pake krut. D'Policebeamte konnte souwuel de Chauffer wéi och den accidentéierten Auto op der Plaz untreffen. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn, iwwerdeem den Auto huet mussen depanéiert ginn.
E weideren Automobilist krut dann zu Fréiseng de Fürerschäin ofgeholl, well ze vill Alkohol gedronk gouf. Hei gouf et zum Gléck awer keen Accident.
An der Rue Bender an der Stad war enger Policepatrull e Samschdeg géint 22:30 Auer e Gefier opgefall, dat d'Riicht net behalen huet. De Chauffer gouf kuerzerhand kontrolléiert, wat net vu Muttwëll war, well och hei war ze vill Alkohol am Blutt. De Fürerschäi gouf agezunn.
Vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen op Ufro vum Procureur Alkoholkontrollen an der Stad op der Héicht vum Boulevard Joseph II an der Place Winston Churchill gemaach, zu Hesper beim Kierfecht an um Boulevard Kockelscheier, tëscht dem Rond-point Gluck an dem Boulevard F.W. Raiffeisen.
154 Automobilisten hu mussen en Alkoholtest maachen. An 9 Fäll war dëse positiv, ee Fürerschäi gouf agezunn.