
Et war géint 5:45 Auer, wéi op der B40 tëscht dem Tunnel Micheville an der Uni um Belval en Auto accidentéiert ass. Wat genee geschitt ass, ass net gewosst. Rieds ass just vun engem Kollisioun mat engem "Obstakel". D'Pompjeeë vun Esch a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng. Eng Persoun gouf verwonnt.