Fir déi nächst zwee Joer gëtt et e Moratoire op Bëschweeër, dat heescht, datt keng nei Weeër dierfen duerch Bëscher amenagéiert ginn.

Dëse Moratoire bezitt sech de Ministeren Dieschbourg, Bausch a Fayot no awer nëmmen op déi ëffentlech Bliederbëscher. Vëlosweeër sinn och net vun deem Moratoire betraff. Dës Informatioune liwwert d'Regierung op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Max Hahn.

Wann esou en neien, nationale Vëloswee duerch e Bësch féiert, ginn Ëmweltetüde gemaach, wann dës Pist duerch eng Schutzzon geet, respektiv e Biotop riskéiert, zerstéiert ze ginn. Konform zum Naturschutzgesetz muss dann eng Ufro beim Ëmweltministère gemaach ginn.

Wat d'Hae vu Beem an ëffentleche Bliederbëscher ugeet, sou gëtt no deenen dräi leschten exzeptionell dréchene Summeren dëst Joer de Volume vun 80.000 Meterkibb Holz net depasséiert.

Déi selwecht Quantitéit Holz gouf och ewell zejoert gehaen. Domat bleift een ënnert dem Volume vun den 120.000 Meterkibb, déi u sech als Objektiv fixéiert gi waren.

D'Ministeren erklären, datt d'Reduktioun vum Holzaschlag kann erkläert ginn, datt vill Beem, déi an de leschte Joren ofgestuerwe sinn, musse gehae ginn, an dass den Ekosystem Bësch net nach soll weider strapazéiert ginn.