
Eng 10 Méint ass et hier, datt d’Riichter der Fuerderung vum Parquet nokomm sinn an e jonke Mann an éischter Instanz zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt hunn. Him gëtt virgeworf, seng Ex-Frëndin Ana Lopes ëmbruecht ze hunn. De Beschëllegte ass an Appell gaangen. De Prozess geet en Dënschdeg de Mëtteg weider.
Véier Joer nom Dout vun der deemools 25 Joer aler Ana Lopes, ass den Ex-Frënd vun der jonker Fra also ugangs zejoert zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn. Doriwwer eraus gouf festgehalen, dat hien den Affer 225.000 Euro Schuedenersatz bezuele muss.
Dem Beschëllegte gëtt virgehäit seng Ex-Frëndin a Mamm vu sengem Kand am Januar 2017 zu Bouneweg entfouert an ermort ze hunn. D’Läich vun der Fra gouf nach de selwechten Dag vun der Police an engem verbrannten Auto direkt hannert der Grenz an engem Bësch bei Roetgen a Frankräich fonnt. Et huet sech erausgestallt, datt d’Fra wuel schonn dout war, ier hier Läich mam Auto a Brand gestach ginn ass.
D’Riichter hunn dann am Januar zréckbehalen, datt et sech ëm eng geplangten Dot gehandelt huet. De Beschëllegten huet awer ëmmer erëm gesot, hie wier et net gewiescht. D’Indizie schwätzen an dësem Fall awer net fir hien. Zu Bouneweg, wou hien d’Fra soll entfouert hunn, gouf Kabelbinder fonnt, deen an der Garage genotzt gëtt, wou de Beschëllegte schafft. Op der Plaz wou den Auto mat der Läich vun der Fra verbrannt ginn ass, konnt och e Rouleau Pechpabeier séchergestallt ginn, op deem DNA-Spuere fonnt goufen, déi mat grousser Warscheinlechkeet vum Mann stamen.
Den Dag vum Urteel an éischter Instanz huet den Affekot vum Beschëllegten, de Maître Philippe Penning, dann och nom Prozess gesot, datt dëst natierlech en Indiz wier, dee géing kloer géint säi Mandant schwätzen. Wärend dem Prozess hat den deemools 33 Joer ale Beschëllegte sech dann och ëmmer erëm a Widderspréch verstréckt.
RTL-News: Mordfall Ana Lopes: Geriicht huet Ex-Frënd zu liewenslaangem Prisong veruerteelt