Dach éischter ongewéinlech Virfäll, well e Fuuss sech wuel méi no un d’Haiser erun traut, awer ëmmer nach en zimmlech scheit Déier ass, dat den direkte Kontakt mam Mënsch léiwer evitéiert. Virus-Krankheete wéi Tollwut oder Staupe gräifen den zentrale Nervesystem un a kéinten dat aggressiivt Verhale vum Kielener Renert erklären. D'Veterinärsinspektioun geet vu Staupe aus. Offiziell ass awer weder gewosst ob de Fuuss gefaange gouf nach wéi eng Kränkt en hat.
Wann e krank ass, de Kielener Renert, schläicht e kaum nach hei ronderëm d’Haiser. Well mam Staupe-Virus net ze spaassen ass. Ouni Analyse vum Kadaver kann ee just spekuléieren, erkläert de Félix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärinspektioun:
"De Fuuss huet seng Schei verluer, mee dass en e Mënsch bäisst oder attackéiert ass schonn e bëssen anormal. E léisst sech ganz sécher net upaken a mir hunn och nach ni Fäll gehat, dass e Fuuss wierklech attackéiert huet."
War et een eleng? Ass e krank, a wa jo, wat huet en? Falen, déi opgestallt goufen, sollen elo Äntwerte liwweren. Eng vun de Persounen, déi gebass gouf, huet eng Tollwut-Impfung kritt. Präventiv, et gëtt déi nach an Osteuropa, mee Lëtzebuerg wier zënter 2001 offiziell "tollwutfräi":
"Hei zu Lëtzebuerg hate mer dee leschten Tollwutfall 1999, dat war bei engem Pony. Virdru sinn et virun allem bei de Fiiss méi Fäll ginn, do sinn d‘Fiiss praktesch deelweis deziméiert ginn".
Wann e Fuuss sech mat Staupe ugestach huet, da mécht de Virus, dass en tierkelt an apathesch gëtt, mee et ginn och aner Symptomer:
„Am Fall vum Staupe Virus kann eng gewëssen Aggressivitéit opdauchen, änlech ewéi bei der Tollwut. Et ka Wochen oder Méint dauere bis se ausbrécht, mee wann d‘Symptomer sech bis weisen, geet dat Déier normalerweis bannent e puer Deeg futti.“
Analysen 2021: 60 % vu geteste Fiiss hate Staupe
Dëst Joer huet de Labo vun der Veterinärsinspektioun scho ronn 100 Fuussekadaveren op Kränkten ënnersicht. Wichteg, well verschiddener op de Mënsch kënnen iwwergoen.
Bei Tollwut an Trichinen gouf et kee positive Fall, dofir haten der 30 vun 100 de Fuussebandwuerm. An eng éischte Kéier hätt een elo och no der Staupe gekuckt. Vu 50 Fiiss waren der 30 positiv, erkläert d’Veterinärsinspektioun. Gewarnt gouf am Mäerz an elo ware 60% Staupe-positiv, obschonns dee Virus seele géif opdauchen, mee wann, da richteg.

Wann een e Kadaver fënnt, soll een dee mat Händschen upaken an dann de Fierschter informéieren. Deen decidéiert dann ob den doudege Fuuss an de Laboratoire vun der Veterinärsinspektioun kënnt.
Am Resumé: d’Staupe deet eis näischt, ass manner déidlech wéi Tollwut, geet u Mupp, Wollef, Bier a Fuuss. Fir d’Hënn gëllt eng Impfflicht. De Fiissche kann emol meschugge ginn. Wat dee Kielener huet oder hat intresséiert d’Veterinärsinspektioun enorm, well säi Verhalen eben extrem wier. Dass d’Juegd op de Fuuss verbueden ass, ass eng Saach. En Déier dat richteg krank ass, erléisen, ass eng aner.