Déi politesch Revendicatioune bleiwen déi selwecht, mä d'Asti kritt eng nei Struktur an en neie President.

Neie President fir d'Asti / Rep. Sabrina Backes

No méi wéi 12 Joer trëtt d'Laura Zuccoli als Presidentin vun der Asbl zeréck, hire Successeur gëtt den Evandro Cimetta. "Vivre, travailler et decider ensemble" bleift och ënnert him de Motto vun der Asti, déi sech zënter méi wéi 40 Joer fir en Zesummeliewen tëscht de verschidden Nationalitéiten asetzt.

Den Evandro Cimetta gëtt bei senger Aarbecht direkt vun zwee Direkteren ënnerstëtzt. De Sérgio Ferreira, dee fir déi politesch Orientéierung zoustänneg ass, an de Marc Piron, dee responsabel fir Projete gëtt. Doriwwer eraus gëtt et och fir déi éischt Kéier de Poste vun engem Vizepresident.

Den neie Mann un der Spëtzt vun der Asti, den Evandro Cimetta, iwwer déi nei Opstellung: "Wat lo nei ass, dat ass jo net nëmmen, dass mer eng Vizepresidence hunn, mä onse Wonsch ass och déi, dass mer eis no baussen net nëmmen iwwer de President bemierkbar maachen, mä awer och iwwer déi aner dräi Funktiounen. Dat heescht, d'Iddi ass effektiv méi als Ekippen unzetrieden, fir dass domadder och jiddwereen déi Méiglechkeet huet, fir dass net een all Aspekt am Detail kennt, wéi dat beim Laura Zuccoli de Fall war, mä dass sech jidderee méi sujetsméisseg orientéiert..."

RTL

© RTL

Dëse Changement hätt keng Auswierkung op den Engagement vun der Asti. D'Associatioun wëll sech weider fir Migrante staark maachen an hinnen de Start am Land vereinfachen. Wéi dat ka goen, erkläert d'Vizepresidentin Claire Geier:

"C'est tous ce qui concerne l'entrée sur le marché du travail. La pratique, l'apprentissage des Langues, ech muss dat soen, 'déi lëtzebuergesch Sprooch', l'accompagnements des migrants parce que vous le savez, arriver dans des situations difficiles demande être accompagnés, soutenus... "

D'Asti setzt sech och fir déi politesch Bedeelegung vun den Auslänner an. Eng aktuell Revendicatioun bezitt sech op d'Verfassungsreform. Déi geet hinnen net wäit genuch. Den Artikel "Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi" géing eng inakzeptabel Diskriminéierung vis-à-vis vun den Auslänner duerstellen. Elo wier d'Geleeënheet gewiescht, fir d'Verfassung entspriechend unzepassen, sou den Evandro Cimetta:

"Mir plädéieren, fir dass d'Leit, déi hei wunnen, 'égaux devant la loi' sinn. Do kréie mer gesot, dat ass guer net sou dramatesch, well d'Jurisprudence seet jo, dass citoyens alleguer nämmlecht behandelt ginn, desto méi gesäit ee jo, dass mer an enger Fro vun enger Symbolik sinn."

Och am Hibléck op d'Walen nächst Joer gëtt d'Asti aktiv. Hei observéiert si Parteiprogrammer a versicht hir Iddien a Visioune mat afléissen ze loossen. Dat alles mam Zil, fir e friddlecht Zesummeliewen tëscht den Natiounen ze garantéieren a Lëtzebuerg zu engem Virreider ze maachen, wat d'Migratiouns- an Asylpolitik ugeet.