CoronavirusNo zwee Joer Pandemie, wat wënscht Dir Iech?

Jeannot Ries
An enger Online-Ëmfro a bei de Leit dobaussen hu sech déi meescht fir e Retour zur Normalitéit ausgeschwat.
No zwee Joer Pandemie, wat wënscht Dir Iech?
An enger Online-Ëmfro a bei de Leit dobaussen hu sech déi meescht fir e Retour zur Normalitéit ausgeschwat.

An enger net representativer Online-Ëmfro op RTL.lu, bei där eng 1.160 Leit matgemaach hunn, hu sech 78% fir en Ofschafe vun de Mesuren a méi opmaachen ausgeschwat.

En Trend, deen Deels an enger spontaner Ëmfro bei Passanten an der Stad Lëtzebuerg bestätegt gëtt. Virun der Kamera soe vill Leit, se wieren u sech frou, wa se en normaalt Liewen zeréckfanne kéinten. D’Decisioun doriwwer, wëlle se net onbedéngt selwer huelen.

RTL-Artikel: Manner streng Mesuren zu Lëtzebuerg: Spärstonn am Horeca fält ewech, 2G-Regime gëtt duerch 3G ersat

Back to Top
CIM LOGO