Spärstonn am Horeca fält ewech, 2G-Regime gëtt duerch 3G ersat
Am Regierungsrot e Freideg gouf donieft nach festgehalen, datt am Private keng Restriktioune méi gëllen.
De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn e Freideg de Mëtteg iwwert d'Aarbechten aus dem Regierungsrot informéiert. D'Coronamesurë ginn zu Lëtzebuerg nees méi labber gemaach. D'Handbrems, déi een am Dezember gezunn huet, géing mam Recul, deen een elo hätt, kee Sënn méi maachen, sou d'Paulette Lenert. Am Horeca-Secteur fält d'Spärstonn vun 23 Auer un ewech. Den 2G-Regime gëtt duerch den 3G-Regime ersat, also och an de Restauranten, Bistroen an Discoen. Just an de Spideeler an Alters- a Fleegeheemer bleift den 3G+ bestoen.
Am Private gëlle keng Restriktioune méi. De Staatsminister huet an deem Kader awer betount, datt weiderhi recommandéiert gëtt, sech virun engem Treffen ze testen. Mam CovidCheck sinn nees Evenementer mat 2.000 Leit méiglech, bei iwwer 2.000 Leit brauch een e sanitäert Konzept.
Da kommen och Changementer bei der Quarantän. D'Quarantän-Flicht gëtt opgehuewen, wann ee Kontakt mat enger positiv getester Persoun hat. Dat gëllt och fir Net-Geimpfter. Si solle sech awer wärend 5 Deeg testen an eng FFP2-Mask undoen, wa se ënner d'Leit ginn. Wat d'Isolatioun ugeet, wann ee selwer infizéiert ass, kann een an Zukunft no 2 negative Schnelltester eraus, egal wéi vill Deeg de positiven Test hier ass.
An de Betriber gëtt den 3G fakultativ. Wann dëse Regime net applizéiert gëtt, da mussen allerdéngs Distanzen agehale ginn an et gëllt eng Maskeflicht. Bis den 28. Februar kënne sech déi Leit, déi bis ewell ee Mol geimpft goufen, weiderhin all Dag teste loossen. Nom 28. Februar kréie si just nach ee Bong d'Woch.
Dat alles si Propositioune vun der Regierung, déi elo nach mussen an der Chamber gestëmmt ginn. Dat geschitt viraussiichtlech e Freideg. Dat neit Gesetz soll vun deem Moment un, wou et gestëmmt gëtt, 2 Méint laang gëllen.
Wat de Schoulberäich ugeet, géingen den Educatiounsminister Claude Meisch an d'Direktioun vun der Santé opgrond vun den neie generelle Reegelen, sou wéi se proposéiert ginn, "nach emol iwwert de Stufeplang kucken". D'Paulette Lenert sot, et géing haut awer keen neien Ament ginn.
An de Spideeler hätt sech d'Situatioun entspaant, huet d'Gesondheetsministesch nach ervirgehuewen. D'Zuelen op den Intensivstatioune si réckleefeg. Et wiere manner Leit mat schwéiere Verleef an de Klinicken. De Xavier Bettel sot, d'aktuell Situatioun géing méi labber Mesuren erlaben, mä hien huet weider recommandéiert virsiichteg ze bleiwen an huet sech nach emol fir d'Impfflicht ausgeschwat. Eng net-geimpfte Persoun hätt en 19 Mol méi héije Risk, fir op der Intensivstatioun ze landen, sou d'Paulette Lenert. Déi soll jo preparéiert ginn, fir de Fall, wou eng nei Well et géing erfuerderen.
D'Belaaschtung vun der Gesellschaft wier no 2 Joer Restriktioune grouss, genee esou ewéi d'Kollateralschied. Als Beispill sot de Premier, datt wärend der Pandemie bei manner Leit Kriibs detektéiert a behandelt gi wier an dowéinst och méi Persounen u Kriibs gestuerwe sinn. D'Gesondheetsministesch sot hirersäits, si géing hoffen, 2022 géing d'Joer vun der "Sortie de crise" ginn.