Nei GemengDer Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal dierft näischt méi am Wee stoen

RTL Lëtzebuerg
Nom positive Referendum zejoert gouf op béide Säiten an den entspriechende Sitzunge festgehalen, den Zesummeschloss definitiv op de Wee ze bréngen.
© RTL-Archiv

Eng Konventioun mam Staat gesäit vir, datt op den 1. September 2023 aus den aktuellen 2 Gemengen déi nei Gemeng “Groussbus-Wal” gëtt, mat engem éischte gemeinsame Gemengerot, deen den 11. Juni 2023 bei de Kommunalwale wäert vun de Wieler bestëmmt ginn.

Zesumme gëtt “Groussbus-Wal” déi véiertgréisst Gemeng am Réidener Kanton, mat ronn 2.200 Awunner, opgedeelt op 9 Dierfer.

Back to Top
CIM LOGO