
Verkeeft d’BIL hir Parte bei der Luxair oder ginn et nach Onstëmmegkeeten bei der Bank ? Et ass nach näischt decidéiert, et gëtt just an d’Ae gefaasst, sou eng offiziell Deklaratioun vun der BIL e Méindeg an der Mëttesstonn. an där betount gëtt, de CEO Marcel Leyers géing d’Bank vertrieden.
De President vum Verwaltungsrot de Luc Frieden hat e Freideg nach confirméiert, d’BIL wéilt seng Parte bei der Luxair verkafen. Am Communiqué um Méindeg steet effektiv och, datt d’Bank reegelméisseg hir Investissementer evaluéiert a Lofttransport u sech net zu de strategeschen Aktivitéite vun der Bank gehéiert. E Verkaf vun de Parte géing awer nëmme gemaach ginn, wann den neie Partner, also Keefer vun de Parten «fiabel an zolidd» wier an déi aner Aktionären averstane wieren.
D’CSV hat um Méindeg de Moie virum Statement vun der BIL schonn eng dringend Sitzung vun de Chamber Wirtschafts- a Mobilitéitskommissiounen ugefrot. D’Oppositiounspartei wéisst gär, ob d’Regierung géing vum staatleche Virkafsrecht Gebrauch maachen, fir d’Parte vun der Luxair vun der BIL ofzekafen. Wann d’Bank se da verkeeft, wat wéi gesot net schéint a Stee gemeesselt ze sinn.
D’BIL huet aktuell ronn 13% vun de Parte bei der Luxair.
Die Entwicklung der luxemburgischen Wirtschaft steht im Mittelpunkt unserer Tätigkeit. Wir unterstützen Luxair aktiv in einer Zeit, in der sich die Luftfahrtindustrie in einer besonders schwierigen Situation befindet. Die BIL, vertreten durch ihren CEO Marcel Leyers, ist ein aktiver Aktionär, der Luxair in schwierigen Zeiten begleitet. Die Bank bewertet regelmäßig ihre Investitionen und Beteiligungen, und der Luftverkehr gehört nicht zu unseren strategischen Aktivitäten. Deshalb wird ein Verkauf in Erwägung gezogen, aber es ist noch keine Entscheidung gefallen. Ein solcher Verkauf kann nur stattfinden, wenn ein zuverlässiger und solider Partner gefunden wird und in Abstimmung mit den anderen Aktionären.