Neien "Erënnerungswee" Schumannseck iwwer d'Ardenneschluecht 1944
Am Dezember 1944 hate vill Leit gemengt, den 2. Weltkrich wier eriwwer, wéi den Hitler mat der Ardennenoffensiv eng lescht bluddeg Attack lancéiert huet.
An den Ardennen am Grand-Duché an an der Belsch koumen Dausenden Zaldoten an Zivilisten ëm d'Liewen a ganz Dierfer goufen dem Buedem gläichgemaach. Besonnesch schlëmm waren d'Kämpf um Schumannseck, e puer Kilometer vu Wolz ewech.
Den Erënnerungswee op där Plaz gouf elo nei amenagéiert, mat villen Temoignagë vun Zäitzeien, déi duerch d'Technologie och fir d'Nokrichsgeneratiounen erhale bleiwen.
Laanscht e Wee vu bal dräi Kilometer stinn 62 Silhouetten a Liewensgréisst, déi op Basis vun Originalfotoen aus der Zäit vun der Rundstedt-Offensiv entstane sinn. Silhouettë vu Mënschen, déi d'Geschicht aus dem Wanter 44/45 erzielen, wéi de Frank Rockenbrod, de President vun der ASBL National Liberation Memorial, explizéiert.
"Vill vun deene Silhouetten, do hu mer d'Nimm a mir haten och d'Chance, fir déi virun 30,40 Joer kënnen z'interviewen. Déi Leit liewe leider net méi. Vun den Objeten, wichteg hei sinn natierlech d'Vestigen. Dat ass d'Authentizitéit vun dësem Site. Et sinn e ganze Koup Lächer heirëmmer, déi bis elo onscheinbar waren, mä mir hunn deenen elo en Inhalt ginn, fir datt ee sech dat Ganzt och bësse besser ka virstellen. Besonnesch well Leit driwwer schwätzen, wéi se dodra gelieft hunn."

© Danielle Georgen / RTL
Ugangs de 70er Joren, wéi nach vill Leit vum Krich traumatiséiert waren, ass de Frank Rockenbrod bei si gaangen an huet sech hir Geschicht erziele gelooss.
"Dat ass mat der Zäit eng Passioun ginn.Ech hu 500 Leit interviewt an dono sinn ech och an Amerika gaangen. Do hunn ech och Amerikaner interviewt, déi scho méi al waren an net méi heihinner komm sinn. Dat selwecht hunn ech och an Däitschland gemaach."
Déi Interviewen, déi de Frank Rockenbrod gemaach huet, kann een elo um Erënnerungswee lauschteren. Iwwert QR-Coden, also den Handy net vergiessen, kritt een Accès zu den Temoignagen, Videoen a Fotoen, déi a 70 Themeberäicher ënnerdeelt sinn. Bei deene villen Interviewen sinn och eng Rei Geschichten, déi de Frank Rockenbrod besonnesch gutt verhalen huet. Geschichten, an deenen et ëm zivil Affer geet.
"Dat heescht eng hei zu Uewerwampech, wou en Amerikaner e klenge Bouf wollt retten, virun engem Iwwerfall mat Granatwerfer. Leider si se dobäi allen zwee duerch d'Granat gestuerwen. Oder eng aner, dat war hei zu Léifreg, wou e klenge Jong getraff ass ginn, wärend deem d'Amerikaner d'Uertschaft ageholl hunn. Seng Mamm huet probéiert hien opzehiewen an dunn ass si och getraff ginn. Se waren allen zwee op der Plaz dout an dat hu mer och hei thematiséiert."
En interessante Wee net just fir déi Erwuessen, mä och fir déi Jonk. Dofir hunn ënnert anerem Schüler aus dem Lycée du Nord vu Wolz gesuergt, nieft dem Naturpark Öewersauer, déi um Reamenagement an der Koordinatioun bedeelegt waren.
Den Erënnerungswee um Schumanns Eck ass iwweregens en Deel vum Interregionale Projet "Land of memory", bei deem 14 Partner aus der Groussregioun zesummeschaffen.
Den Erënnerungswee ass um Mëttwoch offiziell ageweit ginn.
Wiem iwweregens déi knapp dräi Kilometer ze laang sinn, dee kann och méi e klengen Tour maachen. Deen huet bësse méi wéi ee Kilometer.
https://www.landofmemory.eu/de/
https://www.landofmemory.eu/de/sites-historiques/gedenkpfad-am-schumannseck/