Et gëtt mat den zoustännegen Autoritéiten zesummegeschafft. Dat huet den Energiekonzern RTL géintiwwer confirméiert.

No der Cyber-Attack op Encevo leeft eng Enquête. An et gëtt mat den zoustännegen Autoritéiten zesumme eschafft. Dat huet den Energiekonzern RTL géintiwwer confirméiert. En Hackergrupp mam Numm BlackCat huet sech zu der Dot bekannt. En 100-prozentege Schutz virun esou Attacke gëtt et net, seet d'Dateschutzkommissioun.

Encevo ass och vum Hackergrupp erpresst ginn, mellt d'Lëtzebuerger Wort. Wann den Energiekonzern der Léisegeld-Fuerderung net nokéim, géingen een déi geklauten Donnéeë verëffentlechen. Dat war schonn an anere Fäll vun Dateklau am Ausland duerch den Hackergrupp Realitéit ginn. Iwwert d'Héicht vun der Léisegeld-Zomm ass awer näischt bekannt. Der Dateschutzkommissioun hei zu Lëtzebuerg, der CNPD, ass bis elo kee Fall am Land bekannt, wou den Hackergrupp BlackCat involvéiert war. Onbekannt ass d'Manéier awer net, seet den Alain Hermann, Kommissär bei der CNPD.

Dat ass eng Zort vun Attack, déi baséiere sech op Ransomware. Dat ass eng Zort vun Attack, déi ganz vill virkënnt. Et ass net déi éischt Firma, déi vun esou enger Attack betraff ass. Déi lescht 2 bis 3 Joer hate mer och esou Attacken.

Duerch e sougenannte Ransomware-Ugrëff verschafe sech d'Hacker Zougank zum Netzwierk vun de Firmen a blockéieren d'Computer oder respektiv a klauen Daten. Fir datt d'Daten net verëffentlecht ginn, gi Sue gefuerdert.

Zu esou engem Dateklau ass et an der Nuecht vum 22. op den 23. Juli iwwert den Internetsite vun Encevo komm. Riets geet vun 180.000 Daten, déi e Volume vun 150 Gigabyte hunn. Et géing sech ëm Rechnungen, Verträg an E-Maile vun der Encevo-Duechter Creos handelen. Méiglecherweis awer och ëm Kopië vun Identitéitskaarten. Falls e Risk fir d'Clientë besteet, misst d'Entreprise dat awer kommunizéieren, seet den Alain Hermann:

De GDPR (Dateschutz) seet, datt d'Firma d'Leit muss informéieren, wann en héije Risk fir si besteet. A si muss de Leit hëllefen, sech géint den Hack ze schützen. Dës Informatioun kënne si duerch den direkte Kontakt weiderginn. Wann dat net méiglech ass, muss d'Firma eng ëffentlech Kommunikatioun maachen.

Dem Hackergrupp BlackCat gi Liene mat Russland nogesot. Ween awer genee hannendru stécht, ass net bekannt. Um Internet fënnt een divers Cyberattacken, zu deene sech BlackCat bekannt huet a wou Léisegeld gefuerdert gouf.