Zwou betraffen Nopeschen aus engem Appartementshaus mat 9 Wunnengen erzielen eis hir Geschicht. Am November 2024 huet et ugefaangen. D'Persoun X, wéi mir se hei nennen, ass erageplënnert an zanter deem hu si keng roueg Minutt méi. Virun allem de Kaméidi géif si iwwert d'Zäit geckeg maachen.
"Même s‘il y aura de courtes périodes de tranquillité, on ne sait jamais quand ça va recommencer. Si ce n‘est pas une chose, c‘est une autre chose, que le parquet va nous aider".
Nieft engem konstanten Alarm, spiere si och reegelméisseg d'Vibratioune vun enger Maschinn duerch d'Maueren an de Plaffong kommen. Mat dat wier awer nach net alles. No konstante Konfrontatiounen ass och scho mol d'Trapenhaus mat enger chemescher Flëssegkeet beschiedegt ginn. Dat alles erziele si eis a weisen eis Fotoen a Videoen.
"On avait vraiment beaucoup d‘espoir au départ que peut-être la police allait trouver la solution. On avait aussi l‘espoir que peut-être la médiation allait nous aider, que le parquet allait nous aider. Mais du coup maintenant après deux ans, on est complétement désespérés, parce que ça ne s‘arrête pas.“
Nodeems een ëmmer nees probéiert huet e friddlecht Gespréich ze sichen an och Hëllef ugebueden huet, ma leider ouni Erfolleg, hu si sech dozou entschloss bei den Affekot ze goen. Mëttlerweil sinn iwwer 50 Plainte vun Noperen am a ronderëm d‘Gebai gemaach ginn. Dat meeschtens wéinst dem Kaméidi. Vum Parquet gouf eng Mediation penale ugefuerdert. Ma déi ass fräiwëlleg an et muss een net matmaachen. A genee dat war de Fall. De Fall ass zréck un de Parquet gaangen. Den Affekot Jean-Jacques Schonckert erkläert eis d‘Prozedur:
"Deen, deen à l‘origine du bruit ass, dee muss dofir opkommen. An da muss een natierlech och Beweiser hunn. Zum Beispill e Constat d'huissier oder mises en demeure, déi iwwert den Affekot geschéckt gi sinn. Wat ech och ëmmer soen, komm mir probéieren eng Mediatioun, mee heiansdo geet dat net duer. Wann do een op stuer schalt, da muss een eeben usichen. An dann zum Beispill um Référé, fir ze soen: Ech hätt gär, dass dat ophéiert. Dat ass en trouble manifestement illicite cessation immédiate. A wann dat net geschitt, pro Dag, wou dat geschitt, eng Geldstrof. A wann et an de Portmonni geet, dann deet et de Leit richteg wéi.“
Dat hätte si fir eng gewësse Period och zougesprach kritt, ma Geld hätte si bis elo nach net gesinn. An d‘Käschte wieren héisch vum Affekot, ma vill méi héisch ass de Präis vun hirem Fridden, dee si all Dag géife bezuelen. Plënneren ass fir déi betraffen Nopere leider keng Optioun, dat aus finanzielle Grënn. An och wann een d‘Appartement wéilt verkafen, wier dat mat der Persoun X net machbar. Mëttlerweil stinn zwee vun den Appartementer am Gebai eidel. Se konnte wéinst der aktueller Situatioun net weider verlount ginn. An eng drëtt Persoun ass amgaangen erauszeplënneren.