Lëtzebuerger EU-Deputéiert krut breet ZoustëmmungTilly Metz als Vize-Presidentin vum EU-Parlament gewielt

Céline Eischen
Déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert Tilly Metz ass en Donneschdeg als Vizepresidentin vum EU-Parlament gewielt ginn a vertrëtt domat déi Gréng Fraktioun an der Presidence vum Parlament.
© MARTIN BERTRAND/Hans Lucas via AFP

Géint d'Lëtzebuergerin gouf et eng Géigekandidatur, an zwar vun der Rada Lakaykova aus Bulgarien. Si ass Deel vun der rietser Fraktioun vum Europa vun de Souveränen Natiounen (ESN), zu där och déi däitsch AfD gehéiert.

Am Virfeld war d'Tilly Metz vun hirer Fraktioun als Kandidatin fir de Poste vun der Vizepresidentin vum EU-Parlament nominéiert ginn: An der Fraktiounsinterner Course hat si sech Enn Oktober géint zwou Géigekandidaturen duerchgesat. Déi leschte Kéier, dass ee Lëtzebuerger Politiker dës Funktioun hat, war iwwregens tëscht 2023 a 24, do war et de Sozialist Marc Angel. D'Europaparlament huet am Ganze 14 Vizepresidentinnen a Presidenten.

Dat ganzt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO