Vun 198 op 226 Milliounen EuroVerdeedegungsbudget klëmmt 2027 op 2,1 Prozent vum RNB

Céline Eischen
2027 wäert Lëtzebuerg 2,1 Prozent vu sengem RNB fir d'Défense ausginn, dat si ronn 1,3 Milliarden Euro. Dat si 0,1 Prozent méi, wéi fir 2026.
Ënnert anerem klëmmt de Budget fir d'Arméi d'nächst Joer ëm 14 Prozent vun 198 op 226 Milliounen Euro.
© Belgian Defence

Fir 2028 klëmmt de Verdeedegungsbudget op 2,2 Prozent an d'Joer drop op 2,3 Prozent. Dës Zuelen huet déi zoustänneg DP-Ministesch Yuriko Backes den Deputéierten an der Défense-Kommissioun um Krautmaart presentéiert. Deemno bleift nach Sputt fir d'5-Prozent-Zil 2035 ze erreechen, wat d'NATO-Memberen sech um Sommet zu Den Haag am Juni zejoert gesat hunn.

Ënnert anerem klëmmt de Budget fir d'Arméi d'nächst Joer ëm 14 Prozent vun 198 op 226 Milliounen Euro: Dës Hausse wier virun allem duerch de Recrutement an d'Opstocke vun Ersatzdeeler a Munitioun ze erklären, esou kann een et um Site vun der Chamber noliesen.

Eng gréisser Zomm fléisst dann och an de sougenannte Fonds d'équipement militaire, nämlech 568 Milliounen Euro. Iwwer dee Fong ginn och gréisser Projete wéi de GovSat-2 oder Dronen-Ofwier-Systemer finanzéiert. Op Nofro vun den Deputéierten hin huet d'Verdeedegungsministesch Backes dann och preziséiert, datt hire Ministère mam Wirtschafts-an Héichschoul-Ministère zesummeschafft, fir dës Ausgaben esou ze dirigéieren, datt och déi national Wirtschaft dovunner profitéiert.

Back to Top
CIM LOGO